Et gi Geschichten, déi ginn net vergiess. Si bleiwe verankert an Erënnerungen, an Emotioune an heiansdo souguer am Steen. Zu Buerglënster steet haut eng Skulptur, déi méi ass wéi nëmmen e Konschtwierk. Si erzielt eng Geschicht vu Verloscht, vun Ierfschaft a virun allem vu Léift.
Am Joer 2001 kënnt den Amer-Indianer a Skulpteur Rollie Grandbois aus dem Stamm vun de Chippewa, och nach Ojibwas genannt, op Lëtzebuerg, zesumme mat senger Fra dem Rebecca a senger 10 Joer aler Duechter Shayna.
Hie schafft iwwer 6 Wochen un enger Skulptur, déi seng Kultur, seng Identitéit a säi Bléck op d'Welt reflektéiert. Mäd'Wierk gëtt net ganz fäerdeg. Et ass wéi eng Paus an enger Geschicht, déi nach net zu Enn erzielt ass. Sai Plang ass et, zeréck ob Lëtzebuerg ze kommen, fir d'Wierk ob en Enn ze bréngen.
Dat allerdéngs passéiert net, well am Joer 2016 stierft de Rollie Grandbois. A mat him schéngt och säi Projet zu Buerglënster fir ëmmer an der Zäit stoe bliwwen ze sinn.
Mee Geschichten hunn heiansdo hiren eegene Wee.
25 Joer nodeems Shayna, als 10 Joer aalt Meedchen nieft hirem Papp zu Lëtzebuerg stoung, kënnt d'Shayna Grandbois zeréck. Déi Plaz ass déi selwecht. De Steen ass nach ëmmer do. A mat him och d'Erënnerungen. "Zanter deem mäi Papp gestuerwen ass, probéieren ech d'Traditioun an d'Ierfschaft, déi hien hannerlooss huet, esou gutt wéi méiglech weiderzeféieren. Sculpteure gëtt et der net vill an der Indigener Konscht a scho guer keng Fraen, déi an dësem stëbsegen, schwéieren an heiansdo och haarde Beruff schaffen."
Si ass haut selwer Sculptrice an trëppelt an d'Foussspuere vum Papp. Mat all Schlag am Steen, mat all klengem Detail , dee si sculptéiert, kënnt net nëmmen eng Skulptur op d'Welt,mee och eng Verbindung tëscht Vergaangenheet a Present.
Fir d'Shayna ass et méi wéi eng Aarbecht. Et ass en Dialog mat hirem Papp. Eng Manéier, dat net gesoten ze soen. An eng Aart, seng Ierfschaft weiderzeféieren. "Ech menge ganz kloer, datt hien houfreg wier op mech, datt ech hei si fir seng Skulptur fäerdeg ze maachen a fir déi indigen Konscht weider ze droen. Jo, ech menge wierklech, hie wier ganz houfreg."
D’Skulptur "Soaring Eagles", steet fir Kraaft, fir Fräiheet, mä och fir d'Wuecht iwwer eng Kultur, déi iwwer Joerhonnerte laang ënnerdréckt gouf. Fir vill indigen Vëlker ass Konscht net just Ausdrock, mee Iwwerliewen. Eng Identitéit, déi se trotz allem net verluer hunn.
Och fir d'Famill Grandbois ass dëst Wierk e Krees, dee sech zoumécht. D'Mamm Rebecca gesäit hir Duechter do, wou eemol hire Mann stoung an d’Gefill ass net Trauer, mee Houfert. "Mir wëssen, datt hien op eis erofkuckt. Ech si sécher, hie guidéiert d'Shayna, fir d'Skulptur esou fäerdeg ze maachen, wéi hien et gewollt hätt. Gläichzäiteg léisst hie dem Shayna awer och Fräiheet, fir dat wat hien ugefaangen huet, op seng Aart a Weis ze interpretéieren an dat ofzeschléissen, wat hie viru 25 Joer hei ugefaangen huet."
An zwou Woche steet d’Skulptur zu Jonglënster. Roueg. Staark. A wéi e verstengert Zeie waacht si iwwer eng Geschicht, déi iwwer Kontinenter erausgeet. Eng Geschicht, déi weist: Heiansdo gëtt Konscht net nëmme verierft, si gëtt weidergelieft.