Mam Luxembourg Philharmonic„Freedom Trail“: Den neien Album vum Trio "Reis Demuth Wiltgen"

Isabelle Gillen
8 Lidder sinn um Album “Freedom Trail”, dee ronn 50 Minutten dauert, ze fannen.
„Freedom Trail“: De neien Album vum Trio Reis Demuth Wiltgen
Zanter bal 30 Joer spillen de Michel Reis, de Marc Demuth an de Paul Wiltgen ënnert dem Numm “Reis Demuth Wiltgen” zesummen Jazz a reese ronderëm déi ganz Welt.

Den 19. Juni huet de Lëtzebuerger Jazz Trio, Reis Demuth Wiltgen, säi mëttlerweil 5. Album mam Titel “Freedom Trail” verëffentlecht. Dësen huet den Trio zesumme mam Luxembourg Philharmonic, dem US-amerikanesche Saxophonist Joshua Redman an dem siwe-fachen Amerikanesche Grammy Gewënner Vince Mendoza produzéiert.

Zanter bal 30 Joer spillen de Michel Reis, de Marc Demuth an de Paul Wiltgen ënnert dem Numm “Reis Demuth Wiltgen” zesummen Jazz a reese ronderëm déi ganz Welt. Am Kolléisch hunn d'Museker 1998 eng éischte Kéier um Kolléisch in Concert zesumme gespillt a maachen zanterhier ouni gréisser Ënnerbriechung Musek. Dat och mat internationalem Erfolleg. Fir dee 5. Album huet de Reis Demuth Wiltgen Trio sech mam Luxembourg Philharmonic an dem Amerikanesche Saxophonist Joshua Redman, mat deem de Grupp schonn zanter 2016 reegelméisseg zesumme schafft, beienee gesat an eng Rei orchestral Kompositiounen opgeholl. D’Lidder funktionéieren och ouni d’Ënnerstëtzung vun engem Orchester, ma et wier awer e laangjäregen Dram vum Trio gewiescht, esou en Album ze produzéieren.

2018 huet Reis Demuth Wiltgen fir d’éischt, am Kader vun engem Concert, mam Luxembourg Philharmonic zesumme gespillt. Et wier deemools direkt kloer gewiescht, esou de Marc Demuth, dass een doraus en Album misst maachen an 2022 ass dës Iddi konkret ginn: “Wéi mer dunn d’Resultat héieren hunn, do war et am Fong och kloer, dat do musse mer nach eng Kéier maachen. Net de Concert onbedéngt, dat och ganz gär, mee dat do musse mer ophuelen an de beschte Bedéngungen, well och den Joshua Redman an de Vince Mendoza hu gesot, et kléngt fantastesch, musikalesch stëmmt hei alles, mir hunn do de Nerv immens getraff. Mee natierlech, d’Klangqualitéit vun engem Live-Concert ass bei esou engem Projet mat bal 80 Museker, immens schwéier, dofir hu mer et dunn 2022 nach eng Kéier opgeholl an den optimale Bedéngungen.”

Aacht Lidder sinn um Album “Freedom Trail”, dee ronn 50 Minutten dauert, ze fannen. Dës goufe vum Michel Reis a vum Vince Mendoza komponéiert. Wat de Klang vun de Lidder betrëfft, déi zum Deel och scho virdrun an enger Trio-Versioun existéiert hunn, kann ee soen,dass en esou wuel roueg, wéi och intensiv Momenter huet, déi duerch de Luxembourg Philharmonic an den Joshua Redman op dräi Stécker ergänzt ginn. De Marc Demuth: "Et geet méi déif villäicht, wann een et esou well. Et ass e bëssen ons Stécker an eng nei Richtung geholl an et ass nach méi villsäiteg."

Bei den Opname fir den Album an der Philharmonie goufen et allerdéngs verschidde Komplikatiounen. Et konnt net, wéi bei engem normale Concert zesummen am grousse Sall gespillt ginn. Verschidde Museker, dorënner och den Joshua Redman, hu missen an engem separate Raum spillen, erzielt de Paul Wiltgen: “Mir haten eben déi Méiglechkeet fir d'Opnamen e bëssen ze trennen, och fir dass de Sound besser gëtt. Zum Beispill d’Batterie konnte mer net zesumme mam Orchester, mam Piano a mam Kontrabass op enger Bün hunn, an engem Raum. Dat hu mer missen trennen an ech hunn dunn deen Ament hanne quasi an engem Lagerraum, dee mer e bëssen noenee gemaach hunn, dass dat géif funktionéieren als drum-booth an dunn hunn ech do opgeholl an ech war dann iwwer Video a mat Kopfhörer natierlech verbonne mat hinnen op der grousser Bün.”

Et ass e gréissere Projet, deen den Trio elo och am Mee 2027 zu Saarbrécken live mam Luxembourg Philharmonic wäert spillen. Donieft, trëtt de Reis Demuth Wiltgen Trio och um Blues‘n’Jazz Rallye, den 18. Juli an der Stad op an hofft de Projet an de kommende Joren am Ausland kënnen ze promouvéieren. Ausserdeem sinn d’Museker och amgaang den Album “Freedom Trail” fir d’Grammys 2027 unzemellen. Mam siwe-fache Grammy Gewënner Vince Mendoza op hirer Säit, erhofft den Trio sech hei gutt Chancen. Dee nächsten Album wier och scho produzéiert, esou de Michel Reis: “Den nächsten Album ass och schonn opgeholl. Dat wäert awer e live-Album ginn,dee mir d’lescht Joer zu Tokio opgeholl hunn an den Orchesterprojet probéiere mir iwwregens och um Tokyo Jazz Festival an deenen nächste Jore kënnen ze spillen.”

“Freedom Trail” ass als CD an deemnächst als Vinyl ze kréien. Ausserdeem fënnt een all d’Lidder vum Album och op deene grousse Streaming-Plattformen.

Back to Top
CIM LOGO