Podpurri - Mir schwätze KulturD'Sängerin Marly Marques

Claudia Kollwelter
PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Mat hirer sënnlecher an doucer Stëmm hëlt si ee souzesoe mat op eng Rees an de Genre vun der World music. D’Sprooche spillen net just an hirer Musek, mee och doriwwer eraus eng zentral Roll an hirem Liewen.

D’Marly Marques kënnt een duerch hire Quintet, mee d’Sängerin huet donieft och e neie Projet lancéiert. Bei hir doheem, an der Gemeng Esch-Sauer hu mer mat hir iwwert hir Musek, d’onkontrolléiert Opreegung viru Concerten, de Faibel fir al Saachen an hir portugisesch Wuerzele geschwat.

D’Sängerin huet iwwert hire neie Projet geschwat, d’Roll déi Sproochen an hirem Liewen hunn an d’onkontrolléiert Opreegung viru Concerten.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op rtl.lu an als Podcast op Spotify an iTunes.

Podpurri - Mir schwätze Kultur

Podpurri - Episod 9: Francis KirpsPodpurri - Episod 8: Pascal SchumacherPodpurri - Episod 7: Susanne JaspersPodpurri - Episod 6: René PenningPodpurri - Episod 5 “Nickel Bösenberg”Podpurri - Episod 4 “Anne Mélan”Podpurri - Episod 3 “Gintare Parulyte”Podpurri - Episod 2 “Carole Lorang”

Podpurri - Episod 1 “CHAiLD”

RTL Podcasts abonnéieren
Internetsite vum Marly Marques Quintet

Back to Top
CIM LOGO