Association des artistes plasticiens du LuxembourgD'Zil ass et, Kënschtler am Land fair ze bezuelen

Claudia Kollwelter
An enger Publikatioun vun der AAPL si Recommandatiounen, déi d'Kënschtler selwer mee och d'Institutiounen viséieren.
© Alexandre Benavente Martingil

Viru gutt 4 Joer hunn d'Tarifverhandlunge fir de Secteur vun der visueller a plastescher Konscht ugefaangen. D'Justine Blau vun der AAPL erkläert, datt et aus engem kloren Besoin eraus entstanen ass: "Well et war kloer fir vill Leit, datt mer einfach duerno bezuelt ginn an net wärend dem Prozess. An dofir hu mer zimmlech laang dru geschafft an erkläert, datt mer eigentlech fir all déi Muséeën déi mer hunn, Projeten ubidden, Contenu, eng Bezéiung zum Publikum, an datt dat och muss bezuelt ginn wéi am Theaterberäich.

Association des artistes plasticiens du Luxembourg - Rep. Claudia Kollwelter

D'Kënschtler sollen en Outil hunn, op dee se sech baséiere kënnen, mee och d'Muséeën an Institutioune solle mat den Tarif-Recommandatioune vun der AAPL verstoen, wat eng dezent Bezuelung ass. De Charel Vinz gëtt e Beispill: "Une exposition de un à deux artistes dans une structure moyenne au Luxembourg. On parle d'un cachet de 5.500 euros hors TVA, minimum. On insiste aussi beaucoup sur le hors TVA, parce que dépendamment si les artistes sont assujettis ou non à la TVA, on se retrouve pas avec la même rémunération à la fin."

Et geet net just ëm d'Konscht selwer déi kreéiert gëtt, mee och d'administrativ Tâchen oder de Montage gehéiere fir d'Kënschtler dobäi a solle bei den Tariffer mat consideréiert ginn: "Et après, on parle aussi des résidences d' artistes, on parle de différents services qui pourraient être appliqués dans une exposition, quand on ne parle pas d' honoraires d' exposition, par exemple si on veut présenter un travail qui a déjà été réalisé, mais qu 'on a seulement un droit de présentation publique, des fois ça peut être dépendamment des services qui sont demandés aux artistes, s 'il y a plusieurs journées de montage, s 'il y a vraiment un gros travail administratif, grosse masse de rédaction de textes, on a aussi des montants qui sont définis pour d' un côté que les artistes sachent que c 'est un travail qui est rémunéré. Dans tous les autres métiers, on rémunère le travail, donc c 'est aussi normal que ça se passe chez nous."

D'Recommandatiounen déi vun der AAPL ausgeschafft goufen, sollen als Basis gëllen. Et wier awer kee fixt Dokument: "Mir brauchen einfach esou eng Basis a mir hunn einfach geduecht, okay, elo musse mer eng Kéier ufänken, besonnesch mir hu wierklech dat Gefill, datt mer mat Tariffer kommen, déi ganz raisonnabel sinn, dass wierklech par rapport zu wat hei leeft, mir hunn einfach transparent op engem Pabeier déi bescht Praktiken, a raisonnabel par rapport zu de Budgeten.

Et wéilt ee respektéiert an dezent bezuelt ginn fir déi Aarbecht déi ee mécht betount d'Justine Blau: "An Normalisatioun entsteet och duerch en Akommes. E Grondakommes war vläicht eng Iddi, mee dat ass eppes ganz aneschters, well momentan, mir komme vu Wäitem, wou eigentlech d'Bezuele vun der Konschtpraktik nach net normaliséiert ass. An dowéinst, si mer scho frou, wann dat integréiert ass a wann d'Leit bereet sinn ze bezuelen, wann d'Budgete jo richteg stinn an datt d'Leit duerch hir Konscht liewe kënnen."

© APPL

Dat Ganzt wier e lafende Prozess an d'Associatioun vun de plastesche Kënschtler bitt souwuel hire Memberen, wéi och aneren Artisten an Institutioune Formatiounen un, iwwert d'Tarifstruktur déi se ausgeschafft hunn.

Méi Informatiounen fannt der ënnert www.aapl.lu

Back to Top
CIM LOGO