Jonk an nei Bands triede géinteneen unDe Weekend ass nees de Metal Battle an der Rockhal

David Wagner
Lass geet et dëse Samschdeg an der Rockhal, dat schonn um 18:30 Auer.
© Rockhal

Dëse Samschdeg, den 9. Mee 2026 ass an der Rockhal zu Esch no zwee Joer Paus nees de Metal Battle – dee Musek Contest, bei deem jonk an / oder talentéiert Metal Bands ouni Plackevertrag kënne géinteneen untrieden, fir dierfen um weltwäit gréisste Metal Festival, dem Wacken Open Air Ufank August ze spillen; a sech dann do virun enger Jury vun hirer beschter Säit ze weisen.

Mat dobäi sinn dëst Joer:

  • Asathor
  • Blame The Others
  • Blanket Hill
  • Kraton
  • Mindpatrol
  • Urban Spine

    (Special Guest: Aeonik)

Am Interview erkläert de Jeannot Hutchinson, Mat-Organisateur vum Metal Battle, firwat et sech lount, esouwuel zu Lëtzebuerg matzemaachen, wéi och um Wacken ze spillen, wat ee muss matbréngen, wann een sech wëll presentéieren a wat et dëst Joer Neits gëtt.

De Jeannot Hutchinson am Interview

Lass geet et dëse Samschdeg an der Rockhal schonn um 18:30 Auer, den Ticket kascht 13,20€ am Virverkaf an 12€ an der Oweskeess. Hei geet et op den offizielle Site vun der Rockhal, hei de Link fir op de Facebook-Site.

Back to Top
CIM LOGO