61. Biennale di VeneziaOuverture vum Lëtzebuerger Pavillon – D’Aline Bouvy stellt hire Projet “La Merde” aus

Sandy Elsen
En Donneschdeg am spéide Nomëtteg gouf de Lëtzebuerger Pavillon op der Biennale di Venezia offiziell ageweit.

En Donneschdeg am spéide Nomëtteg gouf de Lëtzebuerger Pavillon op der Biennale di Venezia offiziell ageweit. Dat a Presenz vum Kulturminister Eric Thill a vu méi wéi 300 nationalen an internationalen Invitéeën aus der nationaler an internatinaler Konschtzeen.

Mat La Merde presentéiert d’Aline Bouvy ee Wierk, wat Film, eng raimlech Klangkompositioun an eng skulptural Struktur aus Stol a Spigelglas zesummebréngt. Et ass eng immersiv Installatioun, déi d'Positioun vum Visiteur am Raum souwuel physesch, wéi och sozial nei definéiert an d’Grenzen tëscht der Realitéit an der Fiktioun verschwamme léisst.

D’Aline Bouvy léisst mat “La Merde”, wann ee sou wëll, genee dat schwätzen, wat mir (am beschte Fall all Dag) d’Toilette erofspullen.

Am Zentrum vun deem immersive Parcours steet ee filmeschen Essay, dee wéi ee Manifest opgebaut ass. D’Haaptfigur ass den „E.T. The Excremential“ – fir et ëmgangsproochlech auszedrécken: eng anthropomorph “Kackwurscht”.

„De Film soll eist Verhältnis zum Propperen an zum Knaschtegen dekonstruieren“, erkläert d’Kënschtlerin.

„Wa mer Kanner sinn, ass et schonn esou, wa mer ganz kleng Kanner sinn: "dat ass knaschteg, net upaken", Wéi déi Saachen am Langage eis och fir spéider konditionéieren an eise Rapport mat aneren ... Inhaltlech geet d’Iddi vum Film wierklech doriwwer.“

Et geet, am Fong, ëm Zirkulatioun a Verännerung: Mir consomméieren eppes, verdauen, verwandelen a scheeden et nees aus. Eis Kierpere si keng zoue Systemer, ma Deel vun engem grousse natierleche Kreeslaf. Obwuel eis Exkrementer just genee dëse Prozess siichtbar maachen, ass et fir déi meescht een absolutten Tabu iwwert si ze schwätzen. Mir schummen eis fir si ... oder och just dofir, dass mir Mënsche guer net sou autonom sinn, wéi mir mengen.

“La Merde” mécht déi Mechanisme vu systeemescher Gewalt a Kontroll siichtbar, déi eis Liewe beaflossen an eist Verhale konditionéieren.

A senger Ried bei der Ouverture huet de Kulturminister erkläert, hie wier besonnesch houfreg op déi couragéis Approche an d’Direktheet vun der Aline Bouvy, déi "eng intensiv an engagéiert Aarbecht presentéiert, an där si d'Schimmt als soziaalt Konstrukt hannerfreet an d’Grenze beliicht, duerch déi Kierperen, Stëmmen oder Existenzen klasséiert, toleréiert, ënnerdréckt oder onsiichtbar gemaach ginn.“ Hien huet och drun erënnert, datt "den Engagement vum Kulturministère fir d’Fräiheet vum artisteschen Ausdrock essenziell ass. Dësen Engagement muss Dag fir Dag verdeedegt ginn, besonnesch a geopolitesche Kontexter, déi déi kënschtleresch Kreatioun aschränken, instrumentaliséieren oder souguer onsiichtbar maache kënnen.“

D’Aline Bouvy lieft a schafft zu Bréissel an zu Lëtzebuerg. Si huet op der École de Recherche Graphique (ERG) zu Bréissel an op der Jan van Eyck Academie zu Maastricht studéiert. Hir multidisziplinär Praxis ënnersicht, ëmmer mat engem gewëssen Humor, sozial Strukturen a normativ Systemer an hannerfreet Muechtmechanismen, déi eist Denken an eist Verhältnis zu der Welt beaflossen.

De Lëtzebuerger Pavillon zu Venedeg gouf dëst Joer vum Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain an Zesummenaarbecht mat Kultur | lx organiséiert. Curatrice vun der Ausstellung ass d’Stilbé Schroeder vum Casino.

Vum 9. Mee bis 22. November ass dee Lëtzebuerger Pavillon mam Projet "La Merde" am Arsenale (Sale d’Armi, 1. Stack) zu Venedeg ze gesinn.

PDF: Inauguration du Pavillon du Luxembourg - Biennale d'Art de Venise 2026

Back to Top
CIM LOGO