LuxFilmFestEen Nomëtte fir Lëtzebuerger Kuerzfilmer

Isabelle Gillen
All Joer organiséiert de Luxembourg City Film Festival och eng Seance mat Kuerzfilmer, sief et aus oder mat Lëtzebuerg produzéiert.
© luxfilmfest.lu

Op dëser 16. Editioun vum Luxembourg City Film Festival ass de sougenannte „Showcase Shorts Made in/with Luxembourg“ natierlech och nees vertrueden a wäert de 9. Mäerz um 14.30 Auer stattfannen.

Zu Lëtzebuerg ginn et nawell vill Kuerzfilm-Begeeschterter an deementspriechend ass den Undrang bei dësem Evenement och all Joer grouss. De Public, Realisateure, Schauspiller a Co. kommen op engem Nomëtten am Kinepolis um Kierchbierg zesummen, fir sech déi neiste Lëtzebuerger Produktiounen unzekucken. Dëst Joer goufe 9 Kuerzfilmer erausgewielt.

D'Showcase Session hat d'lescht Joer vill Zoulaf
D’Showcase Session hat d’lescht Joer vill Zoulaf
© luxfilmfest.lu

A wéi enger Reiefolleg se wäerte gespillt gi, gëtt traditionell net am Viraus bekannt gemaach, ma déi ganz Lëscht mat de verschiddene Kuerzfilmer ass dogéint awer ëffentlech:

  • - „Apartamentul 06“ vum Rari Matei
  • - „Backstage“ vum Emile V. Schlesser
  • - „Dos Teirras“ vum Sebastian Thill
  • - „Grillabend“ vum Hubrecht L. Brand a Sirvan Marogy
  • - „OP Fugue“ vum Julie Schroell, Ian de Toffoli a Moritz Schönecker
  • - „Osmosis“ vum Ganaël Dumreicher
  • - „Pinky Promise“ vum Tessy Troes
  • - „The last promise“ vum Michael Wang
  • - „Tram chachée“ vum Sophia Kolokouri

Déi ganz Programmatioun vum Film-Festival leeft nach bis de 15. Mäerz.

Back to Top
CIM LOGO