Nei Serie "Studio Stories"E Bléck an den Atelier vun der Kënschtlerin Élise Comrie
Isabelle Gillen
Sandy Elsen
An eiser neier Serie "Studio Stories" maache Kënschtler a Këschtlerinnen eis d'Diere vun hiren Atelieren op. Et ass do, wou Geschichten a Konschtwierker entstinn.
Dës Woch geet et an den Atelier vun der Élise Comrie. D’Kanadierin ass zënter 2017 zu Lëtzebuerg doheem an huet sech op abstrakt Molereien am Groussformat spezialiséiert. Mir kruten en Abléck hannert d’Diere vun hirem Atelier am 1535 zu Déifferdeng.
Am Atelier vum Elise Comrie