Gouf a senger Paräisser Wunneng fonntDen DJ Kavinsky ass am Alter vu 50 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Wéi déi franséisch Medie mellen, gouf de franséische Museker a Produzent en Dënschdeg den Owend dout a senger Wunneng fonnt.
Dj Kavinsky performs during day 1 of the Coachella Valley Music and Arts Festival at the Empire Polo Field on April 26, 2008 in Indio, California.
Dj Kavinsky performs during day 1 of the Coachella Valley Music and Arts Festival at the Empire Polo Field on April 26, 2008 in Indio, California.


© Photo by CHARLEY GALLAY / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / GETTY IMAGES VIA AFP

De bekannten franséischen DJ a Produzent, den DJ Kavinsky, ass am Alter vun nëmme 50 Joer dout a senger Wunneng zu Paräis fonnt ginn. Dat mellen déi franséische Medien, wéi zum Beispill de Figaro. De Vincent Belorgey, wéi e mam richtegen Numm heescht, war virun allem am der franséischer House-Zeen extrem bekannt, dem sougenannte "French Touch". Ënnert anerem säi Lidd "Nightcrawler" huet hie weltbekannt gemaach.

Wéi et aus Police-Kreesser heescht, soll de franséische Museker zënter e puer Deeg iwwer Kappwéi geklot hunn. Säin Noper hätt sech Suerge gemaach, nodeems hien de Kënschtler eng Zäit net méi gesinn an hätt dunn d'Rettungsekippe geruff. D'Läich vum DJ gouf géint hallwer 11 en Dënschdeg den Owend a senger Wunneng am 18. Paräisser Arrondissement entdeckt. Der Police no gëtt e Schlag als méiglech Doudesursaach consideréiert.

Back to Top
CIM LOGO