De Slogan vun der FIFA ass "The Home of Football". Mä ëmmer méi Kritiker sinn der Meenung, dass de President Gianni Infantino sech mat senge Pläng ëmmer méi vun dësem Slogan distanzéiert. Am Mëttelpunkt steet de Projet FIFA Forward Enterprise (FFE). Dës nei Entitéit soll an Zukunft ënner anerem d'Televisiounsrechter, de Sponsoring, d'Lizenzrechter an den Ticketsverkaf vun de FIFA-Turnéieren zentral geréieren.
Aussoe vun der FIFA no soll domat neie kommerzielle Potenzial kreéiert ginn, fir laangfristeg Projeten, wéi Stadien oder FIFA-Ausbildungszentren, ze finanzéieren.
De Projet ass de 28. Juli offiziell an eng Consultatiounsphas gaangen an gëtt elo mat den 211 Memberverbänn an dem FIFA-Rot diskutéiert. Der FIFA no kann de Modell nëmmen ëmgesat ginn, wann eng Majoritéit vun de Verbänn zoustëmmt an de FIFA-Rot déi néideg Reglementsännerunge validéiert, heescht et um offiziellen Site vun der International Federatioun vun de Fussballverbänn.
Genee dës Approche stéisst awer op massiv Kritik. Verschidde Federatioune werfen der FIFA vir, de Futtball ëmmer méi ze kommerzialiséieren an domat d'Interesse vun de Memberverbänn an den Hannergrond ze drängen.
Besonnesch ëmstridden ass d'Informatioun, dass verschidde Federatioune schonn e Bréif kritt hätten, an deem hinne bis zu 40 Milliounen Euro verséchert gouf, falls si dem Projet bis den 19. September gréng Luucht ginn. Dat gëtt vu Kritiker als Versuch interpretéiert, d'Stëmme vun de Verbänn ze beaflossen.
Zu de Kritiker huet ënner anerem den UEFA-President Aleksander Ceferin an och déi däitsch Futtballfederatioun gehéiert. Eis Noperen hu gewarnt, datt duerch esou Ännerunge ee riskéiert, datt de Futtball zum Spillball vun Investisseure gëtt. Dofir huet d'UEFA dësen Donneschdeg hir 55 Memberverbänn op eng Drénglechkeetssëtzung zesummegeruff.
RTL-Informatiounen no ass de Widderstand bannent der UEFA grouss. All 55 Länner hu sech géint de Projet ausgeschwat. Ausserdeem gëtt intern och iwwert e méigleche Boykott vu FIFA-Competitioune diskutéiert, falls d'Pläng ëmgesat ginn.
Brittesch Medie mellen esouguer, datt déi europäesch Federatioune sech eens sinn, datt si déi nächst Weltmeeschterschaft géife boykottéieren, wann den Gianni Infantino seng Pläng ëmsetzt. "Keng UEFA-affiliéiert Nationalekipp wäert un iergendenger Kompetitioun vun der FIFA deelhuelen, esoulaang dës Propos nach am Raum steet, ausser, wann d'FIFA dëse Virschlag komplett opgëtt an d'FIFA verbindlech assuréiert, datt een ni méi déi eege Gouvernance-Strukturen oder Kompetitioune fir privat Eegentum wäert opmaachen", heescht et an engem Statement vun der UEFA.
Datt déi europäesch Länner net un enger Weltmeeschterschaft géifen deelhuelen, kéint d'Pläng vum FFE op en Enn bréngen. Well vill potentiell Investoren wuel net an eng WM wëllen investéieren, un där d'Topp-Ekippen aus Europa net deelhuelen.
Nieft de 55 Federatiounen, déi sech an der UEFA zesummefannen, sinn och déi 41 Membere vun der CONCACAF, also d'Länner aus Nord- an Zentralamerika, géint d'Pläng vum FIFA-President Infantino. An engem Statement heescht et, datt d'Presidente vun de Federatioune besuergt waren iwwer d'Propos, iwwer déi kuerz Period, déi gi gouf, fir sech domadder auserneenzesetzen an dem Fakt, datt déi relevant Abteilunge vun FIFA bis ewell den FFE-Plang weder iwwerschafft nach accordéiert hunn. Och wërft d'CONCACAF d'Fro op, wéi et ka sinn, datt d'FIFA fir hir eege Programmer Suen opbrénge muss, nodeem een déi wuel lukratiivst Weltmeeschterschaft vun allen Zäiten grad emol ofgeschloss huet.
"Aus deene Grënn, refuséieren d'CONCACAF an hir 41 Memberen dës Propos", heescht et ofschléissend.
An der CONCACAF hu sech d'Federatiounen aus Nord- an Zentralamerika wéi och d'Karibesch Inselen zesummegedoen. Dozou gehéieren mat Kanada, Mexiko an den USA och déi dräi Länner, déi déi rezent Weltmeeschterschaft organiséiert hunn. Vun der US-Federatioun war et an de soziale Medien da just dës kuerz Confirmatioun, datt een zu der Decisioun steet: "U.S. Soccer stands with CONCACAF and its members."