E Samschdeg den Owend war déi grouss Finall vum Eurovision Song Contest 2026. D'Victoire war um Enn fir Bulgarien mam DARA. D'Eva Marija hat et mat hirem Lidd "Mother Nature" net an d'Finall gepackt, suivéiert huet si dës awer nach zu Wien. E Sonndeg ass et fir d'Sängerin dunn zeréck op Lëtzebuerg gaangen. Um Findel ass si vun hire Fans häerzlech empfaange ginn.