
En Donneschdeg den Owend war déi zweet Halleffinall, also eng zweete Kéier fir dës Editioun, wou 15 Länner géinteneen ugetruede sinn, dat fir iwwerhaapt emol eng definitiv Plaz an der grousser ESC-Finall e Samschdeg zu Wien ze kréien. Um punkt 21 Auer war et sou wäit, d'Moderatioun gouf, wéi och an der Finall e Samschdeg a schonn en Dënschdeg, vum Victoria Swarovski a Michael Ostrowski iwwerholl, dat mat enger gudder Portioun Euphorie a Witz.
Genee wéi schonn en Dënschdeg, gouf och en Donneschdeg net laang gewaart, bis et mat den Optrëtter vun de Kandidaten lassgaangen ass. Relativ séier, nämlech schonn op der Positioun 4, war Lëtzebuerg un der Rei an et ass eescht ginn fir d'Eva Marija. No enger gudder Büne-Show an enger stabiller Performance, blouf der jonker Sängerin näischt aanescht méi iwwreg, wéi am Green-Room ze waarden, d'Show ze genéissen an op d'Resultater vum Jury- a Publikumsvott ze waarden.
No den Optrëtter vun de Kandidaten war eent vun den Highlights mat Sécherheet den Optrëtt vum JJ, dee jo 2025 de Eurovision Song Contest gewonnen huet an de Concours domadder op Wien bruecht huet. Hei huet hien säin neit Lidd presentéiert.
Zum Schluss sollt et awer leider net duergoen fir d'Eva Marija, och wann d'Performance vun der Lëtzebuergerin d'Erwaardunge komplett erfëllt huet. Domadder ass de Grand-Duché, no der Participatioun 2024 an 2025, dëst Joer leider net an der Finall vum ESC dobäi.
*D'Reiefolleg an der Halleffinall spillt iwwregens keng Roll, et gëtt een net gewuer, wie wéi vill Punkte krut, respektiv, wien am beschten ofgeschnidden huet

Och opgetrueden, ma sécher weider als "Big 4", ware Frankräich a Groussbritannien. Och Éisträich ass jo als Organisateur weider:
Hei déi 10 aner Länner, déi schonn en Dënschdeg weider komm sinn: