Déi jonk Actrice Garance wëll sech zu Paräis eng Carrière opbauen. D’Angscht an d’Onsécherheet, déi dat bei hir ausléist, probéiert si mat Alkohol ze ënnerdrécken. Mee hir Consommatioun geréit ëmmer méi ausser Kontroll a déi berufflech Diere ginn eng no der anerer zou. Wéi si d’Pauline kenneléiert schéngt et d’Léift vun hirem Liewen ze sinn, mee och d’Perspektiv vun dëser Relatioun ännert näischt un hirer Krankheet.
An hirem Drama begleet d’Realisatrice Jeanne Herry hire Personnage iwwert een Zäitraum vun 8 Joer. Dobäi mécht si esouwuel den Tour vun den Aflëss, déi eng Sucht kënnen erklären, wéi dee vun de Facteuren, déi engem eventuell hëllefen, dovunner lass ze kommen. Schlussendlech bleift et awer an der jonker Fra hirer eegener Hand, fir iwwert hiert Schicksal ze decidéieren. Garance liwwert zwar keng nei Conclusiounen, mee weist androcksvoll dee luese Prozess vun der schlechter Gewunnecht bis zur liewensgeféierlecher Ofhängegkeet.