100 Joer Ingeborg Bachmann

Jérôme Jaminet
Haut wier si 100 Joer al ginn, d'Ingeborg Bachmann eng vun de gréissten däitschsproochege Poetinne vum zwanzegste Joerhonnert.
© Barbara Klemm

Nach ëmmer hu mir kee fäerdegt Bild vun hir, éischter e Mosaik, an deem ëmmer nees Steng ausgetosch ginn: Mol war si de Popstar vun der Nokrichslyrik, mol Victime vun toxescher Männlechkeet, mol eng feministesch Ikon. Haut entdecke mir déi analytesch, déi widderstänneg, och déi komesch Bachmann. De Literaturkritiker Jérôme Jaminet mat engem Portrait vun enger villsäiteger Auteurin mat engem Wierk, dat net verstëbst, mee hellwakereg an onbequeem ass.

Klagenfurt, am Fréijoer 1945. Iwwer der Stad huerelen d'Sireenen, d'Bomme falen an e Meedche vun uechtzéng Joer weigert sech, an de Bunker ze goen. Léiwer sëtzt et am Gaart a liest. Dat ass d'Ingeborg Bachmann. Dës Zeen enthält de Kär vun hirem Schafen: d'Literatur als Otemloft, als Schutzraum, als Widderstand.

Gebuer gëtt si de 25. Juni 1926, an engem Dräilännereck, wou Däitsch, Sloweenesch an Italieenesch openeestoussen. D'Permeabilitéit vun der Grenz, dat gëtt fir d‘Bachmannn Denkfigur a Liewensthema. Si studéiert Philo, besonnesch intensiv d’Sproochphilosophie vum Wittgenstein a stellt eng Fro, déi och eis hei zu Lëtzebuerg eppes ugeet: Wou d'Sprooch ophält, hält do d'Welt op?

Hier Gedichter maachen si fréi bekannt. De Literatekrees „Gruppe 47“ feiert si, den Noriichtemagasinn „Spiegel" setzt si op d'Titelsäit, mécht si zur Diva vun der jonker däitschsproocheger Nokrichsliteratur. Et ass eng Etikett, déi dat Essenziellt zoupecht. D'Bachmann léisst sech net op hier schéi Lyrik reduzéieren.

Si ass eng facettëräich Schrëftstellerin, Hörspillauteurin, Librettistin, Iwwersetzerin, Essayistin a politesch Denkerin, déi erkannt huet, datt d’Gewalt nom zweete Weltkrich net einfach verschwonnen ass. Si huet sech just verwandelt a verlagert – an de Fridden, tëscht Stuffemaueren, tëscht Mann a Fra. Si huet dat selwer missen an e sëllegen ongléckleche Relatiounen erliewen. Déi zum Max Frisch hätt si bal an de Selbstmord gedriwwen.

An awer wier et falsch, hiert Liewen als Tragedie ze erzielen. Et gëtt och déi aner Bachmann: eng déi fir e Wiener Radio souguer un enger satirescher Sitcom matgeschriwwen huet. Eng, déi en Interviewer konnt op den Aarm huelen: D'Männer? Onheelbar krank, alleguerten. An da laacht si.

De 17. Oktober 1973, mat nëmme 47 Joer, stierft d’Ingeborg Bachmann zu Roum, un de Suite vun engem Brandonfall an engem kalen Entzuch – si war schwéier tablettenofhängeg. Haut, honnert Joer no hirer Gebuert, kléngt si net wéi eng verstëbste Klassikerin. Hir Literatur bleift wibbeleg an hir Sujeten aktuell: d‘Grenzen an hir Iwwerwannung, Sprooch a Wourecht, Gewalt a Léift, Trauma an Utopie, an déi wuel éiweg Mëssverständnisser tëscht Mann a Fra.

Haut wier si 100 Joer al ginn, d'Ingeborg Bachmann eng vun de gréissten däitschsproochegen Poetinnen vum zwanzegste Joerhonnert.

Back to Top
CIM LOGO