
“Broschtkriibs geet jiddereen eppes un, net nëmmen déi betraffe Fraen, mä och d’Familljen an d’Gesellschaft”, seet de Jacques Schneider iwwer dës Aktioun vun den Hôpitaux Robert Schuman.
De Kënschtler vum Projet “Jeanne - Eis Gëlle Fra” huet sech fir de Mount vum Broschtkriibs eppes Besonnesches iwwerluecht: Eng gëlle Fra, déi wéinst dem Kriibs eng Broscht misst amputéiert kréien. De But vun der Campagne: Méi Visibilitéit a manner Tabu.
Dës Gëlle Fra mécht och den Tour vun de Spideeler:
Clinique Bohler : 30.09. bis 07.10.
ZithaKlinik : 08.10 bis 15.10.
Centre National de Radiothérapie François Baclesse : 15.10 bis 22.10
Iwwerdeems kann ee Badgen, Printen oder kleng Reproduktioune fir de gudden Zweck kafen. D’Sue, déi heimat gesammelt ginn, ginn integral un Europa Donna reverséiert.

Broschtkriibs ass den heefegste Kriibs zu Lëtzebuerg: E mécht ronn 20% vun all de Kriibsfäll aus, bei de Frae souguer bal 40%. Am Kloertext heescht dat: 1 vun 9 Frae riskéiert viru 75 Joer Broschtkriibs ze kréien. Mat der Reinterpretatioun vun der Gëlle Fra wëll de Jacques Schneider en Debat an der Ëffentlechkeet ustoussen.
Duerch meng verschidde Projete probéieren ech, d’Gesellschaft fir d’Leide vun de Fraen ze sensibiliséieren. Ech wëll en Debat ustoussen, wéi een de Concernéierten hëllefe kann.
Wichteg ass fir de Kënschtler och, den Debat z’enttabuiséieren. Hie gesäit e Problem doran, dass d’Broscht vun der Fra nach ëmmer ze vill sexualiséiert gëtt an dofir net genuch iwwert de Sujet geschwat gëtt. Dobäi wier d’Ëmfeld e wichtege Facteur bei der Lutte géint de Kriibs: Trotz dem Leiden ass et derwäert ze kämpfen. Als Gesellschaft musse mir fir déi Fraen do sinn a si ënnerstëtzen.
Oppe mat der Krankheet ëmgoen, dat fënnt och d’Marie-Paule Breuskin wichteg. Si huet fir d’zweet Broschtkriibs an huet hir Broscht elo missen erofgeholl kréien. Duerch hir Krankheet huet si och aner Frae sensibiliséiert:
Ech sinn ëmmer oppe mat menger Krankheet ëmgaangen an hat ni e Problem, an d’Ëffentlechkeet ze goen. Ech denken och, dass ech duerch meng Krankheet vill Fraen animéiert hunn, an d’Mammographie ze goen. Soss wiere si vläicht net gaangen.
E wichtege Facteur an der Lutte géint de Kriibs ass déi fréi Erkennung. Dat seet och d’Marie-Paule Breuskin: Ech hat ëmmer déi Chance, dass ech an d’Mammographie gaange sinn. Wou de Kriibs entdeckt gouf, war en nach ganz um Ufank. Ech muss elo och vläicht nach eng Chemo maachen. D’Mammographie ass ganz wichteg fir d’Fréierkennung.
2018 goufen 456 Broschtkriibsfäll zu Lëtzebuerg diagnostizéiert.