Virun 20 Joer scho gouf et déi éischt Diskussioune fir eng Reform: elo kritt Lëtzebuerg en neit Denkmalschutzgesetz. Et gouf mat engem relativ grousse Konsens an der Chamber ugeholl. Nëmmen d’Piraten an d’ADR hu sech enthalen. Zil vun dësem Gesetz ass et, de kulturelle Patrimoine besser ze protegéieren an un déi nächst Generatioun weiderzeginn.
Eleng dat ass schonn en Challenge. D’Protektioun vun archeologesche Schätz oder historesche Gebaier däerf awer gläichzäiteg kee Selbstzweck sinn, gëtt den DP-Deputéierten André Bauler vir:„De Schutz muss nozevollzéie sinn. En däerf a soll op kee Fall eng Brems sinn. En däerf keng nei an innovativ Bauprojete verhënneren.”
Dat selwecht Zil verfollegt d’Gesetz beim architektonesche Patrimoine: Gebaier, déi et derwäert sinn, protegéiert ze ginn. Mam Gesetz soll en Inventaire vun allen Haiser am Land gemaach ginn. Kloer an eenheetlech Definitioune gi geschaaft, wéini e Gebai zum Patrimoine gehéiert a wéi vill dierf dru geännert ginn, ouni de Status ze verléieren. Bei aller Zoustëmmung vun der Oppositiounspartei CSV, bestëmmt Renovatiounsaarbechte kéinten e Problem ginn, warnt d’Octavie Modert. Dofir misst een “der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg soen, dass et net ze maachen ass, fir an alen Haiser einfach Masuttsheizungen einfach z’ersetzen. Och déi Virgab féiert dozou, dass en Haus vill méi séier ofgerappt gëtt. Dat soll d’Zil jo net sinn.”
Leider wär dat an der Vergaangenheet vill ze vill gemaach ginn, bedaueren déi Lénk. An der ADR feelt och an dësem Gesetz de Courage, fënnt de Fred Keup. „Bauerenhäff, 200 Joer al a vu Sites et Monuments als erhalenswäert ugesinn: ofgerappt. Esou vill gëtt zerstéiert. Esou vill Kultur ass fort.”
D’ADR enthält sech. D’Piraten och. Ze vill Froe wären nach op an duerch déi obligatoresch Viraarbechte kéinten d’Immobiliëpräisser nach klammen, spekuléiert de Sven Clement. Dat neit Gesetz fir de kulturelle Patrimoine ass immens komplex. All Organisatioun oder Kommissioun aus dem Denkmalschutz huet hiren Avis ofginn. An d’Viraarbecht huet ëmmerhi gutt 20 Joer gedauert.
Wie mam Auto iwwert d’B7 a Richtung Norde fiert, deem dierft bei Schieren op der rietser Säit sécherlech scho mol dat grousst wäisst d’Zelt opgefall sinn. Op dësem Site gëtt zanter Joren un archeologeschen Ausgruewunge geschafft. Ënnert dem Buedem gouf nämlech eng “Axialhofvilla” aus der réimescher Zäit entdeckt. Dat heescht, e grousse Guttshaff mat engem Haaptgebai a villen Niewegebaier. 13 konnten der mëttlerweil ausgegruewe ginn.
D’Gruewung um Haaptgebai vun der Réimervilla ass am Kader vum Ëmbau vun der B7 ëm d’Joer 2013 lassgaangen an et gëtt weider um Site no archeologesche Schätz gesicht. D’Zelt, dat ee laanscht d’Strooss gesäit, iwwerdeckt just 15-20% vum ganzen archeologesche Site. Bannena kann een un Iwwerreschter vun de Mauere vu virun 2.000 Joer d’Struktur vun Zëmmeren erkennen an och vill Wandmolereie konnte rekonstruéiert ginn.
D’Membere vun der parlamentarescher Kulturkommissioun haten en Donneschdeg d’Geleeënheet, sech e Bild vun den Ausgruewungen um Site vun der galloréimescher Villa zu Schieren ze maachen. Dat am Virfeld vum Vott an der Chamber iwwert dat neit Denkmalschutzgesetz. Dëst huet och Auswierkungen op archeologesch Aarbechten. D’Zil ass et, méi präventiv schonn Terraine mat potentiellen archeologesche Schätz auszegruewen, wëssenschaftlech z’erschaffen an dono vläicht och touristesch z’erschléissen. Dat sot d’Deputéiert Djuna Bernard en Donneschdeg de Moien am Kader vun enger Visitt um Site vun der galloréimescher Villa zu Schieren.
“Dass mer geziilt mat eiser historescher, wëssenschaftlecher Erfarung kënne kucken, wou sinn Terrainen, wou kënne mer Präventioun scho maachen, andeems mer scho Fouillë kënne maachen, fir eppes ze entdecken. Dat mécht et méi einfach fir d’Besëtzer vun Terrainen, fir ze wëssen, wat ass dann d’Potential, wat hei am Buedem läit. An natierlech eben och fir esou Bijouen, esou Schätz vun eisem Patrimoine archéologique kënnen z’entdecken, opzeschaffen, wëssenschaftlech och ze erschaffen an natierlech och duerno eventuell touristesch z’erschléissen. Well et geet jo wierklech drëms, zum Engen, d’wëssenschaftlech Conclusiounen ze zéien, mä och duerno dëse Patrimoine kënnen der Ëffentlechkeet iergendwou visibel ze maachen.”
Iwwert d’Zukunft vun den Fouillen zu Schieren ass nach keng Decisioun gefall. Sécherlech wäerten eng Rei Deeler, nodeems se beschtméiglechst archeologesch dokumentéiert goufen, am Kader vu Lotissementer de Baggeren zum Affer falen. D’Haaptgebai vun der Réimervilla zu Schieren kéint awer vläicht als Musée oder Touristesite erhale ginn. D’Diskussiounen op ministeriellem Niveau lafen nach.
Le projet de loi relatif au patrimoine culturel a été voté par la Chambre des députés
Communiqué par : ministère de la Culture Ce jeudi 10 février 2022, la nouvelle loi relative au patrimoine culturel a été votée par la Chambre des députés. Il s’agit d’un pas important vers la protection et la valorisation du patrimoine culturel luxembourgeois. Cette loi introduit des dispositions visant tant le patrimoine architectural et archéologique que le patrimoine mobilier et immatériel.
Il s’agit de protéger le patrimoine culturel comme un élément majeur du développement durable et de la diversité culturelle, de valoriser le patrimoine culturel à travers son identification, son étude, sa sauvegarde et sa protection et également de renforcer la cohésion sociale en favorisant le sens de responsabilité partagée envers l’espace de vie commune comme l’a souligné la ministre de la Culture Sam Tanson lors de son intervention.
La nouvelle loi modernise les dispositions légales relatives au patrimoine culturel en introduisant plus de cohérence et de sécurité juridique dans la protection du patrimoine culturel et met également en œuvre les dispositions de textes internationaux ratifiés par le Luxembourg, ainsi que des textes européens en la matière.
La loi répartit ses dispositions sur quatre aspects du patrimoine culturel, à savoir le patrimoine archéologique, le patrimoine architectural, le patrimoine mobilier et pour finir le patrimoine immatériel.
La nouvelle loi relative au patrimoine culturel introduit le principe de l’archéologie préventive, suivant lequel les projets de construction se situant dans une zone d’observation archéologique devront, sous certaines conditions, être préalablement soumis au ministre de la Culture pour une évaluation archéologique. La procédure d’évaluation archéologique permet aux aménageurs une plus grande prévisibilité dans le contexte de travaux envisagés, puisqu’elle se substitue aux opérations archéologiques d’urgence qui ont auparavant dû être effectuées dans le cas d’une découverte archéologique fortuite.
En ce qui concerne le patrimoine architectural, celui-ci connaît plusieurs changements par rapport à la loi jusqu’ici en vigueur. Ainsi, la nouvelle loi introduit un inventaire du patrimoine architectural recensant avec précision et moyennant une documentation appropriée les biens immeubles faisant partie du patrimoine architectural. Ensuite, le texte de loi établit des critères sur base desquels un immeuble est inscrit sur l’inventaire du patrimoine architectural et sur base desquels un immeuble est classé comme patrimoine culturel national ou intégré dans un secteur protégé d’intérêt national. La procédure de classement elle-même est adaptée en vue d’une cohérence accrue et d’une meilleure prise-en-compte de l’opinion publique. Le patrimoine architectural est protégé, commune par commune, sur base de l’inventaire du patrimoine architectural précité, et ce par voie de règlements grand-ducaux qui se substitueront aux arrêtés du ministre et du Conseil de gouvernement, jusqu’ici en vigueur. Le texte renforce également davantage la sécurité juridique des propriétaires en prévoyant la suppression de l’inventaire supplémentaire notamment.
Un régime transitoire est mis en place pendant la période d’élaboration et de finalisation de l’inventaire du patrimoine architectural.
Pour le patrimoine mobilier, la loi introduit une nouvelle procédure de classement de biens culturels, ainsi qu’un régime de circulation moderne qui met en œuvre les textes légaux internationaux et européens et qui remplace les règles actuelles, devenues lacunaires et désuètes. Le texte inclut des domaines jusqu’à présent non couverts par une législation nationale, tels que les garanties d’État et les garanties de restitution.
Finalement le texte de loi confère une consécration légale au patrimoine immatériel (les traditions, les savoir-faire...) sous forme d’établissement d’un inventaire et de mesures visant à assurer sa sauvegarde.
Avec le vote de la loi relative au patrimoine culturel, certaines institutions se voient également attribuer le statut d’institut culturel de l’État, ainsi le Centre national de recherche archéologique devient l’Institut national de recherches archéologiques (INRA) et le Service des sites et monuments nationaux devient l’Institut national pour le patrimoine architectural (INPA).
Réunions d’information et d’échange
Suite au vote de la loi relative au patrimoine culturel, la ministre de la Culture Sam Tanson a le plaisir d’inviter toute personne intéressée à l’une des quatre réunions ayant pour objet la présentation de la nouvelle loi sur le patrimoine culturel. Lors de ces réunions, le public aura l’occasion de poser ses questions aux experts présents.
Ces réunions régionales auront lieu, sous réserve :
• Pour la région Sud : le 2 mars 2022 à 19h au Artikuss à Soleuvre
• Pour la région Est : le 10 mars 2022 à la salle des fêtes du Maacher Lycée à Grevenmacher
• Pour la région Nord : le 15 mars 2022 à 19h au Centre des Arts Pluriels (CAPE) à Ettelbruck
• Pour la région Centre : le 22 mars 2022 à 19h à l’abbaye de Neumünster à Luxembourg-Ville
A noter que les manifestations se feront sous le régime Covid-Check. Si vous souhaitez participer à l’un de ces événements, veuillez-vous inscrire à l’adresse pr@mc.etat.lu et indiquer le nombre de personnes ainsi que le lieu souhaité.