
Hien ass Schüler am Lycée des Garçons a gouf fir seng Leeschtung am internationale Cicero-Concours ausgezeechent.
De Concours bréngt all Joer déi bescht Latinisten aus ganz Europa zesummen. Dëst Joer hu 265 Schüler aus 11 Länner matgemaach. D’Aufgab war e philosophesche Passage vum Cicero ze iwwersetzen an ze kommentéieren.
Nieft dem Simon Árvai waren och Léa Li Flatter an Mathias Meneguz Keller fir Lëtzebuerg dobäi.
D’Rees gouf vun der Association luxembourgeoise des professeurs de latin et de grec ancien organiséiert a vum Lëtzebuerger Educatiounsministère ënnerstëtzt.