Packt et Lëtzebuerg an d’Finall vum ESC?“Iwwerraschunge gëtt et souwisou ëmmer”

Pierre Weimerskirch
Lëtzebuerg zielt an der zweeten Halleffinall net zu de Favoritten. Et besteet eng Méiglechkeet et net an déi grouss Finall e Samschdeg ze packen. Firwat, erkläre mer am Artikel.

D’Wetten si kloer, op den éischte Bléck op d’mannst. Lëtzebuerg packt et net an d’Finall.

Ma dat haten d’Wettbüroe och fir déi Belsch Kandidatin virausgesot. Si huet et awer an d'Finall gepackt. Bei den néng anere Kandidaten déi et an d’Finall gepackt hunn, loungen d’Prognose richteg.

Eng nei Realitéit fir Lëtzebuerg

No der grousser Comeback-Euphorie vun 2024 ass d’Participatioun mam Eva Marija schonn déi drëtt an der neier Ära. Dëse Wow-Effekt ass fort, de Bonus quasi opgebraucht.

“Mir sinn effektiv bei de Prognosen net an deene véier, fënnef Favoritten […] mir sinn iergendwou an der Mëtt.“
Elisabeth Conter, Lëtzebuerger Head of Delegation

Déi éischt Halleffinall huet et gewisen, dass mat der Belsch och ee Song de Sprong an d’Finall gepackt huet, deem seng Chancen am Virfeld net als esou grouss virausgesot goufen. "Iwwerraschunge gëtt et souwisou ëmmer", seet d’Elisabeth Conter.

Nei ass dëst Joer, dass d'Juryen och an der Halleffinall schonn e Wuert matschwätzen, dat ka Lëtzebuerg an d'Kaarte spillen.

Neit Joer, nei Reegelen
Et gouf nees un de Reegelen gefeilt. Wéi eng Ännerunge bréngt dat mat sech? An ass dat eventuell e Virdeel fir eis?

Eng Fairytale fir Mother Nature?

D’Eurovisioun lieft och vun de klenge Geschichten. A villäicht geléngt dem Eva Marija nach eng Fairytale. Ënnerstëtz gëtt si vum ESC-Gewënner Alexander Rybak. Mam Song "Fairytale" huet hien 2009 gewonnen. An engem Insta-Post huet hie "Mother Nature“ vum Eva Marija op seng Manéier nei interpretéiert. Lauschtert selwer.

Zwee Lidder, déi op den éischte Bléck net vill gemeinsam hunn, an dach duerch eppes verbonne sinn: d’Gei. Dee Klang, e Gefill dat transportéiert gëtt a bleift.

Et ass genau dee Sound, mat deem de Alexander Rybak deemools d’Fans an d’Jury iwwerzeegt huet. An elo, Joren dono, weist hien op eng Kënschtlerin, déi och mat där selwechter Emotioun versicht, erauszestiechen.

Dräi Minutten, déi alles entscheeden

De Countdown fir d’Lëtzebuerger Sängerin leeft.

Prouwen, Interviewen, wéineg Zäit fir nozedenken. Um Enn gëtt en Donneschdeg alles op dräi Minutte reduzéiert. Lëtzebuerg geet wuel net als Favorit an d’Course, mee och net ouni Chance.

An an engem Concours, deen all Joer seng eege Geschichte schreift, kënnt et ëmmer nees zu Iwwerraschungen.

Back to Top
CIM LOGO