
An de Comics ass praktesch net géint den Obelix ze gewannen, deen als Kand an den "Zaubertrank" gefall war. Vun deem Nimbus wollt viru véier Joer eng polnesch Waffefirma profitéieren an dee Numm fir hir Produite schütze loossen. De Verlag vun den Asterix-Comicke Les Éditions Albert René hat doropshi bei der europäescher Autoritéit fir Markennimm EUIPO ugefrot, déi Mark erëm vum Marché huelen ze loossen. D'Demande war awer refuséiert ginn, mat der Begrënnung, dass d'Bekanntheet vun der eelerer Mark net genuch nogewise wier.
Doropshin ass d'Editiounshaus virun d'Geriicht vun der Europäescher Unioun zu Lëtzebuerg gezunn, aus Angscht, de Ruff vun der eegener Mark géif doduerch Schued dovun droen. Do ass d'Decisioun vum EUIPO opgehuewe ginn, dat e Feeler gemaach hätt, heescht an der Begrënnung. Ënner anerem wieren net genuch Beweismëttel consideréiert ginn, an deenen "Obelix" a Kombinatioun mat "Asterix" benotzt ginn ass. Géint d'Geriichtsurteel kann d'Waffeproduktiounsfirma aus Polen awer um Europäesche Geriichtshaff, der nächster Instanz, virgoen an op Erfolleg hoffen.
Normalerweis géif keng Verletzung vu Markennimm virleien, well déi betraffe Produite mol net am Usaz eppes mateneen ze dinn hätten, soen Experte fir Markerechter. Bei bekannte Marke géif de Schutz awer méi wäit goen. D'Notze vu bekannten Nimm wier verbueden, wann domat, ënner anerem, d'Wäertschätzung op onlauter Manéier géing ausgenotzt oder beanträchtegt géing ginn. Ausserdeem kéint den Numm vun der positiv konnotéierter Comicfigur duerch eng Verbindung zu Waffen a Munitioun duerchaus beschiedegt ginn.