Film vun der WochNaza vum Yuval Abraham a Rachel Szor

Frank Grotz
Den Documentaire NAZA krut um Filmfestival zu Venedeg wärend 25 Minutte Standing Ovations a gouf mam Spezial-Präis vum Jury ausgezeechent. Déi israeelesch Realisateure Yuval Abraham und Rachel Szor weisen am Film Interviewe mat Membere vu Militär a Geheimdéngscht déi de Virworf vum Genozid a Gaza nach eemol ënnermaueren.
Film vun der Woch: Naza vum Yuval Abraham a Rachel Szor
Déi israeelesch Realisateure weisen am Film Interviewe mat Membere vu Militär a Geheimdéngscht déi de Virworf vum Genozid a Gaza nach eemol ënnermaueren.

Op den Diecher vun Tel Aviv erziele Spezialiste vun israeeleschen Unitéite wéi si no der brutaler Attack vun der Hamas op Israel virun 3 Joer een zynesche System applizéiert hunn den net nëmmen Terroristen, mee och dausenden Zivilisten d'Liewe kascht huet.

Mat kënschtlecher Intelligenz, Oflauschteraktiounen an Droneniwwerwaachung goufe Leit als Zilpersoun identifizéiert an ugegraff, woubäi den Doud vun hire Familljen an Nopere laut den Temoignagë wëssentlech mat a Kaf geholl gouf.

Wärend een d'Mënschen an den Appartementer zu Tel Aviv gesäit, erklären d'Zaldote wéi si nëmme 60 Kilometer méi wäit ganz Quartieren systematesch zerstéiert hunn. "Naza" ass ee wichtegt Zäitdokument dat weist wéi Revanchegedanken an Entmënschlechung aus enger Struktur vu Befeelsempfänger eng déidlech Maschinn maachen.

Back to Top
CIM LOGO