Radio-Sendung live vu WienPackt d’Eva Marija et an déi grouss Finall?

Loïc Juchem
Um Donneschdeg tëscht 10 a 14 Auer héiert dir eng Spezial-Radio-Sendung op RTL Lëtzebuerg, déi live vu Wien kënnt.

Mir iwwerdroen aus engem traditionelle Kaffe-Haus, dat fir den Eurovision Song Contest 2026 zum internationale Fan-Treffpunkt ginn ass.

70 Joer ESC a 35 Länner triede géinteneen un, d’Stad steet komplett am Zeeche vun der Musek. De Loïc Juchem mellt sech live mat Interviews, vill ESC-Musek an exklusiven Andréck vun der Plaz.

Um Donneschdegowend steet déi zweet Halleffinall um Programm an dono wësse mir, ob eis Kandidatin d’Eva Marija et an d’Finall e Samschdeg packt.

De perfekte Warm-up fir ee vun de gréisste Museksevenementer op der Welt, live op RTL Radio Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO