
De Marcel-Duchamp-Präis éiert Kreatioune vu Kënschtler, déi innovativ, technesch an engagéiert sinn. Ze gewanne ginn et eng Expo an e Präisgeld vun 90.000€.
Den Numm vum Präis kënnt vum wuel avantgardisteschste Kënschtler aus dem fréien 20. Joerhonnert – dem Marcel Duchamp. Bekannt fir seng Readymades wéi “Fountain”, wat en ëmgedréinten Urinal war, war hien e Virreider vu senger Zäit.

De Präis gëtt et elo schonn zanter 26 Joer. Aus ville Kandidaten huet eng Jury, déi aus dem President vun der Associatioun “pour la diffusion internationale de l’art français” (Adiaf) Claude Bonnin a ville wichtegen nationalen an internationale Konschtvertrieder besteet, den 8. Januar 4 Kandidaten eraus gewielt. Nieft dem Josèfa Ntjam, dem Joël Andrianomearisoa an dem Laura Henno ass och de lëtzebuergesch-belsche Kënschtlerduo David Brognon a Stéphanie Rollin nominéiert ginn. Hire leschte grousse Projet zu Lëtzebuerg war d’Drone-Show fir den Trounwiessel am Oktober 2025.
Ma si sinn awer och e festen Deel vun der Konschtzeen a Frankräich.
Zanter 2006 schaffen d’Stéphanie Rollin an den David Brognon zesummen. Hir kënschtleresch Theorië sinn engersäits vun hire perséinlechen Erfarunge gepräägt an anersäits vun den Aussesäiter vun der Gesellschaft. Hir Manéier ze schaffen, ass onkonventionell a beweegt sech tëscht Brutalitéit a Poesie. An hiren Aarbechte gëtt d’Gesellschaft an hir Grenzen oft thematiséiert – et si Kreatiounen tëscht Engagement, Vulnerabilitéit a Widderstand. 2024 hate mir den Kënschtlerduo am Portrait.
De Präis gëtt den 22. Oktober zu Paräis am Musée d’Art moderne am Kader vun der Art Basel bekannt ginn an iwwerreecht.