De Schifermusée zu Uewermaartel huet zejoert eng 24.000 Visiteuren op de Site gelackelt. Zanter e Freideg ass den 8 Hektar grousse Site ëm eng Attraktioun méi räich. No zwee Joer Renovatiounsaarbechten ass dat fréiert Direktiounshaus vun der Famill Rother fir de Public zougänglech.
Vun 1890 bis 1986 war d'Haus mam Chalet am Besëtz vun der Industriefamill, déi vu Frankfurt op Lëtzebuerg koum. Ëm 1900 hunn eng 600 Leit hei geschafft. 1992 gouf de Veräin "Frënn vun der Lee asbl" gegrënnt.
Wärend gutt zwee Joer gouf elo intensiv un der Restauratioun vun der Villa geschafft, bannen ewéi baussen, dëst ënnert der Leedung vum INPA.
D'Käschte belafe sech op iwwer 3 Milliounen Euro. Nieft enger neier Plaz fir z'iessen an ze drénke ginn et nach weider Projeten an den nächste Joren. Sou sollen déi fréier Aarbechterhaiser zu Gitten ëmfunktionéiert ginn. Och den Accueil soll néi amenagéiert ginn.
Am "Pisa - dem Wëssensmagazin" war den Olivier Catani op Entdeckungsrees an de Schifergrouwen an de Kasematten.