
PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.
Geschichten, Legenden, Mythen a Märercher, dat ass d'Welt vum Betsy Dentzer. D'Faszinatioun vum Geschichtenerzielen huet se zu Berlin entdeckt a mat op Lëtzebuerg bruecht. Op de Bünen huet se sech laang en Numm bei deem ganz jonke Publikum gemaach. Haut hëlt d'Betsy Dentzer och déi Erwuesse mat op Erzielreesen.
Well d'Bünen den Ament zou sinn, huet d'Betsy Dentzer d'Christiane Kremer fir den Interview bei sech heem invitéiert, natierlech am Respekt vun den Sécherheetsmesüren. Rieds geet iwwer déi schwéier Zäit vum Coronavirus, dee si selwer erwëscht hat, iwwer d'Situatioun als fräischaffend Kënschtlerin, iwwer d'Freed um Spill, d'CD "Ënnerwee" mat véier Geschichten a Wimmelbiller.



Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op rtl.lu an als Podcast op Spotify an iTunes.

Podpurri - Mir schwätze Kultur
Podpurri - Episod 12 Julie Conrad
Podpurri - Episod 11: Théid Johanns
Podpurri - Episod 10: Marly Marques
Podpurri - Episod 9: Francis Kirps
Podpurri - Episod 8: Pascal Schumacher
Podpurri - Episod 7: Susanne Jaspers
Podpurri - Episod 6: René Penning
Podpurri - Episod 5 "Nickel Bösenberg"
Podpurri - Episod 4 "Anne Mélan"
Podpurri - Episod 3 "Gintare Parulyte"
Podpurri - Episod 2 "Carole Lorang"