PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Am leschte Podpurri vum Joer hu mer Rendezvous an der Nationalbibliothéik, do wou zënter dem 2. Juli de Claude D. Conter den neien Direkter ass. Eng Nominatioun, déi iwwerraschend war.

De fréieren Direkter vum Literaturzenter zu Miersch hat eng éischte Kéier bei dëser Offer ofgesot, an eréischt nodeems, no vill Polemik, déi designéiert Kandidatin Joanne Goebbels sech zeréckgezunn hat, huet de Kulturministère nach emol ugeklappt.

No engem décken hallwe Joer zéie mer mam Claude D. Conter eng éischt Tëschebilanz, schwätze mat him iwwer en emotiounsräicht Joer, iwwer dat fonkelneit Gebai, d'Sammele vu Bicher, Zeitungen, Partituren an Internetsitten an iwwer den D. a sengem Numm.

Podpurri - Episod 15: Claude D. Conter

© BNL

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op rtl.lu an als Podcast op Spotify an iTunes.

Podpurri - Mir schwätze Kultur