PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Si hunn am Kolléisch fir d'éischt zesumme gespillt a koume musikalesch net méi vuneneen ewech: de Pianist Michel Reis, de Kontrabassist Marc Demuth an de Perkussionist Paul Wiltgen. An och wann hir Weeër se duerch d'Musekstudie getrennt haten - de Paul an de Michel an den USA, de Marc an Holland - ass d'Loscht an d'Passioun fir Jazzmusek zesummen ze maache bliwwen. Haut spille se op der ganzer Welt, wa Corona et zou léisst.

Enn Februar ass endlech de Release vum Album "Sly", dee schonn 2019 an der Këscht war. D'Christiane Kremer huet am Trifolion zu Iechternach mam Trio geschwat iwwer Jazz-Musek, iwwer Musek-Coursen an Zäite vu Corona, iwwer Videoe mam Emile Schlesser an hir Sëlwerhochzäit.

Podpurri Episod 22 Reis - Demuth - Wiltgen

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.