PodPurri - mir schwätze Kultur - de Podcast dës Woch mat der Dänzerin a Choreografin Claudia Urhausen.

Als Dänzerin a Choreografin ass d'Claudia Urhausen souwuel op der Bün wéi och hannendrun doheem. Zanter iwwer 15 Joer schafft si u souwuel artistesche wéi och edukative Projeten a kombinéiert Danz mat net just Musek, mee och Theater oder Konscht. Trotz gutt gefëlltem Agenda, huet si tëscht Prouwen an de Rotonden Zäit fonnt fir mam Claudia Kollwelter iwwert hir Aarbecht ze schwätzen, iwwert Hip-Hop, d'Ënnerscheeder mat Professionellen Dänzer a Laien ze schaffen a villes méi...

Podpurri Episod 123: D'Dänzerin a Choreografin Claudia Urhausen

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL