PodPurri - mir schwätze Kultur - de Podcast dës Woch mam Moler Arny Schmit.

Beyond Nature heescht seng aktuell Expo an der Galerie "Reuter Bausch" an där een net just Tableaue vum Moler gesäit, mee och Installatiounen. A sengem Studio huet den Arny Schmit dem Claudia Kollwelter erkläert wou seng Leidenschaft fir Landschaften hir kënnt, wéi hie vum zeechnen op d'mole koum an haut och méi dräidimensional schafft. Donieft huet de Kënschtler iwwert seng eegen Entwécklung geschwat, iwwert d'Technik déi hie fir seng Biller benotzt an d'Loscht mat der Konscht ze experimentéieren.

Podpurri Episod 120: De Moler Arny Schmit
RTL

© Cristof Weber

Am Kader vu senger Solo-Ausstellung, ass den 18. Oktober tëscht 18h an 20h eng Book Release vum Arny Schmit an der Galerie an der Ënneschtgaass.

RTL

© Cristof Weber

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL