PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Jazz, Rock oder Hip-Hop...Am Quintett, Quartett oder och mol mat 10 anere Museker op der Bün...De Batteur a Komponist Benoît Martiny ass bekannt fir seng sëllege musikalesche Projeten an divers Stiler.

Mee amfong hunn déi vill méi gemeinsam wéi ee mengt seet de Museker. Mam Claudia Kollwelter huet hien donieft iwwert de rezenten Album vun der Benoît Martiny Band "Moons of Uranus" geschwat, iwwert d'Natur an d'Schof am Gaart déi hien inspiréieren an iwwer bëlleg Pop-Musek.

Podpurri Episod 31: Benoît Martiny

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL