PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

De Piano huet si schonn als kléngt Kand begeeschtert an dofir huet se d'Fanger och net méi dovu gelooss. 
Ob eleng oder mat anere Museker, eng sëllege verschidde Projete stoungen an de leschte Joren op der Pianistin hirem Agenda. Deen war zejoert awer manner gefëllt, net just wéinst Corona!

D'Françoise Tonteling huet mam Claudia Kollwelter iwwert hir Karriär geschwat, awer och wat et fir d'Musekerin bedeit ze ënnerriichten, wéie Rôle Konscht schonn an hirer Kandheet gespillt huet, wat d'Vir-an Nodeeler sinn mat aanere Leit zesummen ze musizéieren a wéi vill se hiert Familljeliewe genéisst. Dat ganzt net wéi geplangt am Gaart, dofir awer mam Stater Trafic am Hannergrond.

Podpurri Episod 34: Françoise Tonteling

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL