PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Knapps hat de Maxime Bender op sengem neie Posten als Direkter vum Trifolion zu Iechternach ugefaangen, do ass alles zougaangen. Sou war seng éischt Aufgab e Kulturhaus a Pandemie-Zäiten ze geréieren. Dat huet wuel Zäit bruecht fir sech anzeschaffen, awer och Drock fir sech Iddien ze maachen, wéi een de Betrib um Lafen hält.

Innovativ Iddie sinn entstanen: "EchterLive" gouf e virtuelle Projet, "EchterJazz" e kombinéierten Live- a Stream-Festival , den Trifo-Apéro lued freides op e gemittleche Musek-Patt a fir de Summer 2021 hu sech dräi Partner zesummegeschloss.

Podpurri Episod 40: De Maxime Bender

Am Gespréich mam Christiane Kremer beim éischten Trifo-Apéro vun der Saison erzielt de Maxime Bender iwwer d'Erausfuerderungen am neien Job, iwwer seng éischt "normal" Saison, de Programm vum Summer an iwwer de Saxophon, mat deem de Museker Maxime Bender och weider optriede wäert - wann och net am Trifolion.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL