PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

De Secteur vun der Live-Musek ass wuel ee vun deenen déi am heftegste vun der Pandemie getraff goufen an nach ëmmer massiv dorënner leit. Dat sot de Michel Welter vum Atelier an eisem Kultur-Podcast. De Bilan vun zejoert fält genee wéi dee vun 2020 net gutt aus an d’Fro stellt sech, wéi et elo, wou d’Infektiounszuelen erëm klammen, viru geet.

Fir eng kleng privat Struktur wieren déi zwee läscht Joer alles anescht wéi evident gewiescht, betount de Michel Welter vum Atelier. D’Chiffere géife fir sech schwätzen: Plus ou moins hu mer 2021 ofgeschloss op engem Niveau vum Chiffre d’affaires, dee bei 10% läit vun 2019, wat par conter e ganz gutt Joer war an eis e gewëssene Speck gëtt fir dës Faaschtenzäit, déi awer elo scho méi laang dauert.

Zejoert huet den Atelier emol keng 30 Evenementer konnten organiséieren. Virun der Pandemie waren et der ronn 150 d’Joer. Dobäi kënnt, datt déi leschten dräi Méint vum Joer 2021 ronn 1/3 vun de Leit, déi en Ticket fir e Concert haten, net komm sinn: Dat si Leit, déi en Ticket hunn a keng Loscht hunn ze kommen, oder sech vläicht net drun erënneren, well de Concert schonn 1-2 Mol verréckelt gouf, woubäi mer ëmmer erëm Erënnerungen un d’Leit schécken. Mee meng kleng Meenung ass, datt e gewëssen Trauma an eis all dran ass, d’Leit spiere sech an enger grousser Mass vu Leit net méi wuel.

Et misst een elo dru schaffen, sanitär Mesurë ganz seriö ëmzesetzen, fir déi Angscht bei de Leit no an no ofzebauen. De Michel Welter fäert allerdéngs, datt dat net an e puer Méint geschitt, mee nach méi laang dauere wäert.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL