PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité.e op déi Plaz invitéiere loossen, wou en eis ëmfänke wëll.

Seng éischt Léift war d'Musek, mä zënter enger Rei Joren huet den Al Ginter och d'Schauspillerei entdeckt oder si huet hien entdeckt. Fir d'éischt op den Theater- a Cabaretsbünen an dunn och virun der Kamera.

Haut kënnt et dem geléierte Percussionist och vir, datt e béides verbanne kann, wéi am aktuellen Theaterprojet "Woyzeck". Dem Georg Büchner säi Klassiker gëtt zu Beetebuerg vum Kaleidoskop-Theater gespillt.

Podpurri Episod 59: Al Ginter

Dohinner hat den Al Ginter och fir de Podcast-Interview invitéiert, net an eng Loge oder hannert d'Bün, mä an de Camper um Parking vrun der Dier. Dem Christiane Kremer huet en dobäi vill erzielt iwwer de Wee bei d'Musek, iwwer d'Baler mat den Challengers, déi éischt Filmerfarung als Ronnie Riff bei der Serie Comeback, iwwer d'Fraen an der Percussioun an d'Fro "lénks oder riets", wann e mam Camper ënnerwee ass.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL