PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité.e op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

7 Joer ass et hir datt en säin éischte Soloalbum eraus bruecht huet. "Kuebemania" heescht den zweeten, dee viru bësse méi wéi enger Woch Release an de Rotonden gefeiert huet. De Corbi a.k.a. ​„de Kueb“ huet mam Claudia Kollwelter ënnert anerem iwwert seng nei Musek geschwat, iwwert d'Aarbecht mat "De Läb", d'Léift fir den Hip-Hop an d'Zweedeitegkeet vu sengen Texter.

Podpurri Episod 75: De Museker Corbi

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL