PodPurri - mir schwätze Kultur - de Podcast dës Woch mam Robert Gollo Steffen iwwer den Album "Ka komme wat wëll", dee viru 40 Joer erauskoum.

1982 koum en Album eraus mat Rockmusek an Texter op Lëtzebuergesch, dat war deemools éischter ongewinnt. D'Robert Stephen Band hat bis dato och éischter englesch gesongen. Mee de Robert - genannt Gollo - Steffen hat ugefaangen d'Lëtzebuergescht och als "Song-Sprooch" z'entdecken. An dat koum deemools un. "Ka komme wat wëllt" oder "Amerika leit just virun Ëlwen" an et koumen der an de Joren nach vill no: "E Bild vun engem Mann" oder "60110".

RTL

© Renée Weber

40 Joer dono spillt d'Original-Band vun deemools – Gollo Steffen (Gesank a Gitarr), Michel Bontemps (Bass), Mil Garofalo (Gitarr) a Roger Hamen am (Batterie) - nach emol nom Motto "Ka komme wat wëllt" zwee Concerten (24. & 25.6.2022) am Kulturhaus zu Miersch.

Podpurri Episod 77: De Gollo Steffen

D'Christiane Kremer huet de Gollo Steffen am Studio begéint a sech mat him (a mam Roger Hamen) iwwer de Concert ënnerhalen, mee gouf awer och méi gewuer iwwer Science Fiction, de Bob Dylan, iwwer d'Éislek, d'Editiounshaus "Op der Lay" a säi Spëtznumm "Gollo".

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL