PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité.e op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Zanter dem Kulturjoer 2007 schafft hien an de Rotonden an ass zanter 2016 Direkter vum Kulturzenter. De Steph Meyers a seng Ekipp hu rezent hir nei Saison virgestallt, ma do virdrun ass awer och nach den traditionelle Congés annulés Festival, deen och wärend der Pandemie keng Paus gemaach hat. Op wéi eng Concerte freet de Steph Meyers sech haaptsächlech, wat erwaart de Public déi nächst Méint a wéi gesäit et mam Chantier vun der Rotondes 2 aus? Déi Froen huet hien dem Claudia Kollwelter op der Terrass vun der Kulturinstitutioun beäntwert:

Podpurri Episod 79: Steph Meyers

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL