PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité.e op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

"Jo an Amen" heescht säi neien Album, dee Mëtt Oktober eng éischte Kéier an der Escher Kulturfabrik dem Public virgestallt gouf. De Serge Tonnar beschäftegt sech a senge neie Lidder ënnert anerem mat de Konsequenze vun der Pandemie. Wisou et wichteg ass sech z'engagéieren, wat seng politesch Ambitioune sinn an natierlech och de neien Album ware Sujeten iwwert déi d'Claudia Kollwelter mam Museker geschwat huet:

Podpurri Episod 90: De Museker Serge Tonnar

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL