Podpurri - Mir schwätze Kultur
D'Musekerin Priscila Da Costa

Priscila Da Costa / © Lugdivine Unfer
PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité.e op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.
Sängerin, songwriter a vocal coach - d'Musek ass beim Priscila Da Costa omnipresent. Mat hirer Formatioun "Ptolema" feiert si den 21. Januar d'Release vun hirem neien Album "Balanced darkness". D'Claudia Kollwelter huet mat der Musekerin an der Escher Kulturfabrik ënnert anerem iwwert hir nei Lidder, d'Wichtegkeet vu Videoclippen a Spiritualitéit geschwat.
Podpurri Episod 97: D'Musekerin Priscila Da Costa
Ptolemea - Balanced Darkness Video Clip
Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

Am meeschte gelies