De Prinzip ass einfach. Den Hond muss eng Kaart mat der Patt beréieren oder dru richen. Op Basis dovun interpretéiert den Tarot-Lieser, wéi sech d'Déier fillt oder wat et sengem Besëtzer "soe" wëllt. Dat wëll och d’Ryu Su-Mi wëssen. Si huet hiren Hond E-Seul gerett a wëll erausfannen, wéi et him wierklech geet. "Ech wollt wëssen, wat a sengem Kapp virgeet", erzielt si. Well den E-Seul all Nuecht nieft hir schléift an hir iwwerall hannendru leeft, hätt si sech dacks gefrot, ob hien dat wierklech gäre mécht oder ob et him heiansdo ze vill gëtt.
De sougenannte "Pet Tarot" gëtt a Südkorea ëmmer méi populär. Dat passt och zu enger bestëmmter Entwécklung am Land: et komme manner Kanner op d'Welt, gläichzäiteg halen ëmmer méi Mënschen Hausdéieren. Haten 2010 nach just 17,4 Prozent vun de Stéit en Déier, sinn et haut schonn 29,2 Prozent. Fir d'Hwang Soo-Kyung, déi hiert Warsager-Geschäft 2014 am Seouler Quartier Gangnam opgemaach huet, ass dat keng Iwwerraschung. "Ëmmer méi Mënsche gesinn hiert Hausdéier als Familljemember", seet si. Doduerch géif d'Bezéiung ëmmer méi enk ginn. A mat där staarker emotionaler Bindung géif och de Wonsch wuessen, ze verstoen, wat den Hond oder d'Kaz denkt a fillt.
Eng Séance kascht ëmgerechent ronn 12 Euro. An d'Clientë kommen dacks erëm – net nëmme mat Hënn a Kazen. Esouguer Deckelsmouke wiere schonn an hirem Salon gewiescht. Och d'Ah Hye-Joo huet d'Erfarung gemaach, dass Tarot eng nei Perspektiv op hiren Hond ka ginn. "Ech hu geduecht, deen Hond wier einfach total op mech fixéiert", erzielt si. Eréischt duerch den Tarot hätt si gemengt, seng richteg Gefiller besser verstanen ze hunn. "Dat huet mech wierklech beréiert."
Ma wat den Hond dann iwwer Tarot denkt, dat wäerte mir warscheinlech ni erausfannen.