
Wann et am Summer waarm gëtt, soll ee méi drénken a besonnesch d'Sonn iwwert d'Mëttesstonn meiden, well se dann am stäerksten ass. Ma dat selwecht gëllt och fir d'Déieren. Op déi soll de Mënsch nämlech och oppassen, wann d'Temperature rëm klammen.
Esou sollen d'Hausdéieren, mee och Déieren, déi dobausse liewen, ëmmer genuch a frëscht Waasser hunn. Dës weidere soll een daagsiwwer och evitéieren, ze laang mam Hond an der Hëtzt spadséieren ze goen.
De Schëfflenger Déiereschutz huet dann och op senger Facebooksäit matgedeelt, datt si e Spadséiergang mat hiren Déieren bei den aktuelle Wiederkonditiounen just moies erlaben, wann et nach méi kill ass.
Oppasse misst een awer och d'Päerd, Kéi an aner Déieren, déi op de Wise sinn. Bei héijen Temperature sollen d'Déieren d'Méiglechkeet hunn, sech an de Schiet zeréckzéien ze kënnen.
Wann den Thermometer dobaussen op 30 Grad klëmmt, kënnen et schonn no enger hallwer Stonn 56 Grad sinn. No 10 Minutte kann den Auto eng déidlech Fal fir d'Hausdéier ginn. Eng Parkplaz am Schied oder Fënsteren, déi just e Sputt op sinn, schützen Hënn net genuch virun der Afenhëtzt.

Hënn schweessen net wéi d'Mënschen, si regléieren hir Kierpertemperatur mat der Ootmung. Wann d'Temperatur am Auto eropgeet, klëmmt och de Muppen hir Kierpertemperatur. D'Déiere fänken dann u mat hechelen a versichen op dës Manéier hir Temperatur nees an den normale Beräich ze kréien. Verschlëmmert sech d'Situatioun, kréien d'Fellnuesen ëmmer méi schlecht Loft, sabbelen an dréie sech am Krees, fir eng Plaz ze fannen, wou si méi confortabel leien oder sëtze kënnen. D'Häerzfrequenz an de Bluttdrock ginn an d'Luucht. Verschidde Bluttgefäässer deene sech aus, fir esou den Drock erofzesetzen. Dëst féiert dann zu engem Mangel u Sauerstoff am Gehier. An deem Stadium kënne Krämp optrieden an et besteet Liewensgefor fir den Hond.
Rasse mat enger méi platter Schnuff, wéi franséisch oder englesch Bulldoggen, Mopsen oder Boxeren, déi schonn am Normalfall méi Schwieregkeete beim Ootmen hu wéi aner Rassen, reagéieren nach méi sensibel op d'Hëtzt.