Fra gebassWollef vu Police zu Hamburg agefaangen

AFP, iwwersat vun RTL
Schonn de Weekend war e puer Mol e Wollef matten an der Stad zu Hamburg gesi ginn. Nodeems eng Fra gebass gouf, konnt de Wollef vun der Police agefaange ginn.
Eine Frau ist in Hamburg von einem Wolf gebissen und verletzt worden. Polizeibeamte fingen das Tier anschließend ein, wie ein Sprecher der Hamburger Umweltbehörde sagte. Es handelt sich vermutlich um das bereits am Wochenende mehrfach gesichtete Tier.
Schonn de Weekend war e puer Mol e Wollef matten an der Stad zu Hamburg gesi ginn. Nodeems eng Fra gebass gouf, konnt de Wollef vun der Police agefaange ginn.
© AFP/Archiv

Zu Hamburg gouf eng Fra vun engem Wollef gebass an dobäi blesséiert. Méi spéit hu Beamten d’Déier agefaangen, wéi e Spriecher vun der Ëmweltautoritéit zu Hamburg en Dënschdeg sot. Domat huet hien eng Rei Meldunge vun däitsche Medie confirméiert. Héchstwarscheinlech ass et dee Wollef, dee schonn de Weekend e puer Mol am Weste vun Hamburg gesi gouf.

D’Fra, déi e Méindeg den Owend vum Wollef gebass gouf, gouf der “Bild"-Zeitung no am Gesiicht blesséiert. De Virfall war deemno am Quartier Altona geschitt. Dono wier de Wollef duerch d’Stad geflücht an an d’Alster gesprongen. D’Polizisten hätten d’Déier schliisslech mat enger Schléng afänke kënnen.

De Wollef wier an e Park fir Wëll Déiere bruecht ginn, sot den Departementschef fir Stad-Jeeër dem NRD géigeniwwer. E misst elo emol zur Rou kommen.

Schonn e Samschdeg war e Wollef am Beräich Blankenese gesi ginn. E Sonndeg de Mëtteg dunn an der Géigend vun der Metrostatioun Othmarschen, éier hie sech am Quartier Nienstedten opgehale soll hunn, wéi d’Autoritéit fir Ëmwelt, Klima, Energie an Agrarwirtschaft (BUKEA) e Méindeg gemellt huet. Duerch e Video an eng Foto aus der Bevëlkerung konnt d’Déier duerch Experten ouni Zweiwel als Wollef identifizéiert ginn.

D’Déier wier héchstwarscheinlech e Welpen an der Phas, an där e sech vu sengem Ruddel ofwant. Wëllef leeën op der Sich no engem eegene Revéier wäit Strecken zréck. Déi ongewinnt urban Ëmgéigend am Dag bedeit fir d’Déier immense Stress, well Wëllef de Kontakt zu Mënschen an Hënn grondsätzlech evitéieren. Der Ëmweltautoritéit no ass d’Déier aus Versinn an d’Stad gelaf an huet selwer no engem Wee eraus gesicht.

Wéi et dozou koum, datt d’Fra gebass gouf, ass nach net genee gewosst. Scho virdru soll de Wollef “e staark ausgepräägt Fluchtverhale” gewisen a sech “direkt zréckgezunn” hunn, wa Mënschen oder Hënn säi Wee gekräizt hunn. Zanter 2013 goufen zu Hamburg am Ganzen 21 Mol e Wollef nogewisen. Fir d’lescht Mëtt Mäerz gouf e Wollef op der Autobunn 25 op der Héicht vun der Ausfaart Curslack no engem Wëldaccident fonnt.

Back to Top
CIM LOGO