
De Buckelwal konnt sech bis dato nach net befreien. Nach ëmmer läit en an dem ronn zwee Meter déiwe Waasser an der Bucht viru Wismar, huet d’Wasserschutzpolizei der däitscher Presseagence dpa géigeniwwer confirméiert. Ronderëm de Buckelwal gouf ee Schutzperimeter vu 500 Meter gezunn, fir dem Déier d’Chance ze ginn, sech ze erkréien.
Och den däitschen NDR schreift e Méindeg de Moien, de Wal hätt sech an der Nuecht net vun der Plaz beweegt a seng Otemzich wiere méi seele ginn. E Méindeg de Moie wier kee Walgesang méi ze héiere gewiescht. Am Moie waren d’Wasserschutzpolizei a Greenpeace nach emol beim Déier, fir sech den Zoustand unzekucken. Ma et soll elo wéi gesot fir d’éischt emol déi lescht Faart dohinner sinn, fir datt d’Déier zur Rou komme kann. Dem NDR no schwätzen d’Experte vun engem däitlech geschwächte Wal. Ma et géif Hoffnung ginn, datt e sech kéint fräischwammen an an den Atlantik kommen, wann en a Rou gelooss gëtt.
Et ginn awer och méi optimistesch Stëmmen. D’Stefanie Groß vum Institut fir terrestresch an aquatesch Wildtierfuerschung un der Tierärztliche Hochschule Hannover sot der dpa géigeniwwer, den Ernärungszoustand vum Wal wier gutt. Buckelwaler kéinten och emol wochelaang ouni Iessen auskommen. De Burkard Baschek, Direkter vum Däitsche Mieresmuseum zu Stralsund, sot iwwerdeems, de Wal géif an enger Déift leien, aus där hie sech selwer befreie kéint. Hie géif also net soen, datt de Wal aktuell gestrant wier, ma villméi géif e säi Kierper opsetzen.
De Wal ass zanter Ufank Mäerz un der Küst vun der Ostsee ënnerwee. Fir d’éischt gouf d’Déier am Hafe vu Wismar ënnerwee, ier en dann ënner anerem an der Bucht vu Lübeck gesi gouf. Ënnerwee hat de jonke Buckelwal sech an Netzer verfaangen. Leschte Méindeg ass den Drama du lassgaangen, wou de Wal op enger Sandbänk virum Timmendorfer Strand net wäit vu Lübeck hänke bliwwen ass. An der Nuecht op e Freideg gouf et e kuerzt opootmen, wou de Buckelwal sech duerch ee klenge Schacht, dee mam Bagger gegruewe gi war, konnt fräischwammen. Ma schonn e Samschdeg koum déi schlecht Nouvelle, datt d’Déier nees gestrant wier, dës Kéier an der Bucht vu Wismar.