
D’Bieren, déi an de franséische Pyrenäen liewen, si mëttelfristeg vun Inzucht a geneeteschen Defekter menacéiert. D’lescht Joer goufen op d’mannst 108 Bieren an der Biergketten tëscht Frankräich a Spuenien gezielt, wéi déi franséisch Autoritéit fir Aartevillfalt en Donneschdeg matdeelt. Dat Joer virdru wieren et 107 Biere gewiescht.
D’Bierepopulatioun wier an de leschte Joren zwar no an no méi grouss ginn, gläichzäiteg hätt et awer “méi Inzucht an eng geréng geneetesch Villfalt ginn”, esou d’Autoritéit nach. Tëscht 2006 an 2024 hätt de Wuesstemstaux pro Joer bei knapp 12 Prozent geleeën. Dat lescht Joer wieren op d’mannst sechs Wërf mat am Ganzen aacht Jongdéieren nogewise ginn.
E weidert Aussetze vu Bieren, wéi et vun Déiereschützer gefuerdert gëtt, wier aktuell net virgesinn, heescht et iwwerdeem vum Ëmweltministère.
Dem Veräin “Pays de l’Ours-Adet” no ass d’Bierepopulatioun an de Pyrenäen geneetesch net stabil, well se op e puer Bieren aus Slowenien zréckgoe géing. Schonn elo wier z’erkennen, datt d’Zuel vun de Jongdéiere pro Worf an d’Fruchtbarkeet ofhuele géingen.
“Wa mir ze laang waarden, geréit d’Inzucht ausser Kontroll”, seet den Alain Reynes vu “Pays de l’Ours-Adet”. “Wat mir méi laang waarden, wat méi Biere mussen ausgewëldert ginn, fir dat ze korrigéieren.”
Obwuel d’Zuel u Biere geklommen ass, ass d’Zuel vun den Notzdéieren, déi an de leschte Joren ëmbruecht goufen, stabil a géing souguer an der lescht liicht zréckgoen. Dat lescht Joer hat d’Autoritéit fir Aartevillfalt 289 Attacke vu Bieren op Véi an zwou Attacken op Beiestäck gezielt. Dat Joer virdru waren et 310 Ugrëff op Notzdéieren a 14 op Beiestäck.
D’Bieren an de franséische Pyrenäe waren Ufanks den 90er Joren esou gutt wéi ausgestuerwen. Déi aktuell Bierepopulatioun geet op Bieren aus Slowenien zréck, déi ugesidelt goufen. D’Zuel gëtt a Kooperatioun mat Experten aus Spuenien an Andorra mat der Hëllef vu verschiddene Methode festgestallt, wéi zum Beispill der DNA-Analys vu Pelzreschter oder Exkrementer.