
Wat soll ee soen...? Praktesch kee Snack fir Tëschenduerch ass esou beléift, wéi déi knuspreg frittéiert Grompere-Stëfter. An hei ass et och komplett egal, ob e Vegetarier ass oder net, Fritte komme bal bei jidderengem gutt un a gehéieren an der westlecher Welt definitiv zum absolutte kulinaresche Standard.
Ma den Ursprong vun de Fritten ass bis haut ëmstridden, virun allem d'Belsch a Frankräich streide sech bis haut drëms. D'Belsch behaapt, schonn am 17 Joerhonnert ronderëm d'Regioun Namur déi haut weltbekannte Fritten zerwéiert ze hunn. Deemools gouf zwar dacks Fësch och frittéiert a giess, ma wa kee Fësch do war, ass op d'Gromper zeréckgegraff ginn. Dës gouf dann, sou déi historesch Iwwerliwwerung, a Form vun engem Fësch geschnidden, frittéiert an da giess. D'Fransousen dogéint behaapten awer, dass si déi wierklech Erfinder vun der Fritt sinn, méi genee sollen d'Pommes frites eng Paräisser Erfindung aus dem 18. Joerhonnert sinn. Ënnert anerem nennen d'Amerikaner d'Fritte jo "French fries", wat awer wuel éischter domadder ze dinn huet, dass amerikanesch Zaldote wärend dem 1. Weltkrich de Snack an der franséisch-sproocheger Belsch kennegeléiert hunn, an sou einfach zënter deem vu "franséische" Fritte schwätzen. Wat sécher ass, ass dass d'Fritten hire richtegen Duerchbroch haten, wéi se säitens Frankräich méi gepushed goufen.
Ob klassesch mat Salz, enger spezieller Fritte-Gewürzmëschung oder kreativen Toppings, Fritte si scho laang méi, wéi nëmmen eng Bäilag. Si sti fir e séiere Snack, si sti fir Streetfood an et sinn einfach all bekannter, déi all Mënsch schonn an de Kanner-Jore gär hat a mat Mayonnaise oder Ketchup erageféiert huet. Haut ginn et dann och eng Abberzuel u Varianten: déck oder dënn geschnidden, a Form vu Wedges, aus séisse Gromperen, am Backuewen, Airfryer oder traditionell an der Friteuse. Genee dës Vilfalt ass et, dat d'Gromper, respektiv d'Fritt zum absolutte Star mécht an et just eng Fro vun der Zäit war, dass och si elo beim Readers' Choice dobäi ass.
Loosst eis onbedéngt Är Meenung wëssen a katapultéiert Är Favoritte-Plaz un d'Spëtzt vun eiser aktueller "Fritten-Editioun" vum RTL-Readers' Choice!
Verrot eis, wou Dir am léifsten är Fritten auswäerts iesse gitt! Maacht drënner bei eisem Vott mat, Är Meenung ass nees onbedéngt gefrot! De Gewënner gëtt natierlech nees deen, wie vun eise Lieserinnen an Nolauschterer, also vun Iech, am meeschte Stëmme kritt an dierf sech dann och iwwert d’RTL-Readers' Choice-Auszeechnung fir déi bescht Fritten zu Lëtzebuerg freeën.
All d'Plazen, déi sech an den Top 10 kënne placéieren, kréien en Autocollant, mat deem ee weise kann, dass een zu de beschten 10 zu Lëtzebuerg gehéiert.