
Virun, soen mer 20 Joer, war een als Vegetarier a virun allem Veganer nach e richtegen Exot an der kulinarescher Landschaft, op alle Fall bei eis am mëtteleuropäesche Raum. Ma net nëmmen war een eng reegelrecht Ausnam, ma och d’Offer un Iess-Choixen a Restauranten zu Lëtzebuerg war... iwwersiichtlech. Reng Vegetaresch oder souguer vegan Restaurant guer net z’ernimmen... Déi waren, wann iwwerhaapt existent, extrem rar geseent.
Dëst huet sech mat de Joren awer ganz kloer geännert, d’Demande an d’Offer no vegetareschem Iessen ass an de leschte Joren massiv geklommen, och wann, esou neist Zuelen, den “Trend” sech e wéineg stabiliséiert huet an d’Offer och net iwwerall perfekt ass.
Sech bewosst vegetaresch ernieren ass haut dës Dag dann och, wann een éierlech ass, manner en Trend, deen et kloer virun e puer Joer war. Et ass souzesoen no an no e feste Bestanddeel vun der Gastronomie zu Lëtzebuerg an natierlech och e perséinlechen a bewosste Choix vum Konsument ginn. Bal kee Restaurant huet guer keng vegetaresch oder vegan Alternativen op de Kaart méi stoen, vill Gastronome passe sech dem vegetaresche Lifestyle souguer massiv un an integréieren dësen an hirem Restaurant.
An da ginn et natierlech och ëmmer méi reng vegetaresch a vegan Restauranten, respektiv Plazen, wou ee säi fleeschlose Burger, seng Kürbis-Lasagne oder säi vegetaresche Curry genéisse kann. A si mer éierlech, och Net-Vegetarier wëssen et mol ze schätzen, vun enger fleeschloser, gudder, frëscher a gesonder Alternativ zu Fleesch a Fësch iwwerrascht ze ginn, oder sech einfach emol op eng planzlech Alternativ anzeloossen, déi lecker ass an een sech och dono einfach gutt fillt.
Och d’Stäre-Kichen huet mëttlerweil déi vegan a vegetaresch Kichen an hire Repertoire opgeholl, et gehéiert schonn zum gudden Toun dëst an d’Kreatioun vu Menüen afléissen ze loossen, jo souguer ganz vegetaresch Menüen unzebidden, dat natierlech och zu Lëtzebuerg.
Dacks ass déi vegetaresch Kichen dann och nach enk mat “Regionalitéit” a “saisonale Produite” verbonnen, eppes dat ëmmer méi Leit als ee vun de wichtegsten Pilieren beim Choix vun hirer Ernierung gesinn. An de Grand-Duché brauch do sech net ze verstoppen, wat gutt vegetarescht oder vegaant Iessen ugeet, Optiounen huet een der méi wéi genuch zur Auswiel, d’Fro ass just, wou kritt een d’Crème de la Crème zerwéiert?
Mir hu gefrot, Dir hutt ofgestëmmt, hei sinn Är Top 10 Plazen zu Lëtzebuerg, op deenen een Ärer Meenung no dat beschte vegetarescht, respektiv vegaant Iesse kritt!
Ouverture vum Restaurant: 2018 (2022 geplënnert)
Adress: 79 Avenue de la Gare, 9233 Dikrech
Kontakt: 26 80 45 01
Beléiftste Plat: vegetaresch/vegan Bowls a Croque Monsieuren
Ufanks denkt een, et hätt een sech geiert... Mécht een d’Dier vum Bitz a Kaffi Haus op, steet een als éischt emol an engem Bitz-Geschäft. Geet een dann awer e puer Schrëtt eran, erkennt ee relativ séier, dass sech méi hannen e klenge Bistro mat enger flotter Terrass verstoppt. An op een et gleeft oder net, genee hei, tëscht Fiedem, Bitznolen a Stoff, kritt een, esou op alle Fall d’Meenung vun eisen Useren, zu Lëtzebuerg am beschte vegetaresch, respektiv vegan z’iessen. Den Erfolleg gëtt hinne Recht, scho moies um kuerz no 10 Auer war de Bistro scho gutt besat an d’Leit hu sech hei hire Kaffi, Croque Monsieur oder vegan Bowl schmaache gelooss.
2018 huet déi gebierteg Flamännerin Winny Keersmaekers mat hierem spezielle Konzept aus Bitz-Buttek a Café schonn ugefaangen, dat awer op enger anerer Plaz, nämlech nach an der Groussgaass zu Dikrech. Véier Joer méi spéit war dat awer dunn ze kleng an et ass een op d’Avenue de la Gare geplënnert, wou een haut nach ëmmer ass. Wéi op eemol méi Plaz war, huet een de Café, an deem et ufanks just Wafele goufen, an e Bistro ausgebaut, dat mat enger flotter Terrasse mat Siicht op d’Sauer.
Zënterhier ass d’Kaart gewuess, et kritt ee mëttlerweil eng breet-gefächert Auswiel u selwer zoubereete vegetareschen a vegane Bowls, Croque Monsieuren oder Tacos, sou wéi awer och séiss Leckereie wéi Glace, Wafelen oder Paangecher... an natierlech alles, wat d’Bitz-Häerz héichschloe léisst.
Dem Winny Keersmaekers a senger Ekipp ass et wichteg ze betounen, dass och keen vegetarescht"Ersatz-Fleesch” zerwéiert gëtt, also eng vegetaresch Optioun vun engem Burger zum Beispill. Wann een dat awer wënscht, kritt een dëst op Wonsch separat zum Plat dobäi. Bei de Platen u sech géif ee gesinn, wat dran ass, et wiere komplett Platen, déi komplett ouni Protein-Ersatz auskommen an et géif am Prinzip och net feelen.
Niewent dem Iessen, kann een sech awer neierdéngs och alkoholfräi Mocktails schmaache loossen, déi géife virun allem elo am Summer gutt lafen, esou d’Patrone, déi sech natierlech enorm zesumme mat hirem Meedchen an enger weiderer Mataarbechterin gefreet huet, op déi éischte Plaz vun dësem RTL Readers’ Choice komm ze sinn. Gratulatioun op alle Fall vun eiser Säit un déi Dräi, et blouf dës Kéier iwwregens bis op déi lescht Votte spannend!
Weider Informatiounen zu dësem Restaurant ginn et an eisem Artikel!
Ouverture vum Restaurant: 3. November 2020
Adress: 15 Rue du Commerce, 3450 Dudelange
Kontakt: 26 51 29 59
Beléiftste Plat: Mat Pesto gefëllt Focaccia, “Sloppy Dan” Burger
Den Dany Zenari, Patron vum Rucolino zu Diddeleng, huet am Joer 2018 de Choix getraff, sech ëmzestellen a sech vegan z’ernieren. Zu deem Zäitpunkt huet hien dann och mat sengem deemolege Kolleg um Projet “Rucolina” geschafft. Zwee Joer huet et gedauert, bis d’Konzept an d’Identitéit vum Restaurant stoung. Virun allem wéinst Covid huet dat Ganzt natierlech e wéineg geschleeft, Enn 2020 goungen d’Diere vum vegane Restaurant awer dunn op.
Virun allem op d’Focaccia ass den Dany Zenari houfreg, hei hätt ee laang dru geschafft an den Deeg géif sech och kloer ofhiewen vun der Mass. Virun allem bei der Fermentatioun Deeg hätt een experimentéiert an et géif een lo en exzellente Produit hunn. Och d’Focaccia Bombaen, kléng zouen, mat selwer gemaachtem Pesto a veganem Mozzarella gefëllte Bommelen, géife vill a gär bestallt ginn. Vun Ufank un dann war an ass de “Sloppy Dan” de Prime Burger am Rucolino, dat mat selwer kreeéiertem Kräuterseidling-Champignon an der Focaccia natierlech als Bun.
Déi éischt 3 Joer, nach mat sengem Associé Chris Diederich zesummen, hätt ee fantastesch Deeg gehat, mat ville Clienten. Wann een dann och nach eng alternativ Optioun zu der “normaler” kulinarescher Offer an der Géigend ubitt, ass den Interesse bei de Leit natierlech nach méi grouss.
Och wann et weiderhi gutt leeft an och d’Feedbacken op d’Iesse méi wéi genial wieren, gëtt den Dany Zenari awer och zou, dass et am Laf vun 2024 dann dach op eemol e wéineg ofgeholl huet. De “Cut” hätt ee kloer gespuert, 2025 wier kloer dat schwéierst Joer bis ewell. Grënn ginn et der vill, do ass hien natierlech net deen eenzegen an éischten deem dëst bewosst ass. Et wier an éischter Linn warscheinlech d’ Präisdeierecht, esou de Chef vum Restaurant, déi och an der Gastronomie iergendwann net méi ze verhënnere gewiescht wier an d’Leit natierlech iergendwann bremst, wann et drëms geet, auswäerts mol z’iessen.
A genee dofir ass hie grad sou frou, dass de Readers’ Choice dës Kéier déi vegan a vegetaresch Iess-Kultur thematiséiert an niewebäi och nach eng fantastesch 2. Plaz fir den Diddelenger vegane Restaurant erausspréngt!
Ouverture vum Restaurant: Dezember 2024
Adress: 16 Rue de Luxembourg, 7480 Tuntange Helperknapp
Kontakt: 26 88 32 2
Beléiftste Plat: Kaart ännert all Mount
“Regional”, “saisonal” a “bio”. Alles Kär-Elementer, op déi een sech astelle muss, wann ee bei de Joran Didelot, Patron a Kiche-Chef vum “Struwweltëntert”, iesse geet. Dat wat een am Gaart fënnt, fënnt een an dësem Restaurant zu Tënten och um Teller, esou kann een d’Konzept zesummefaassen. Orangen aus Spuenien beispillsweis fënnt een hei ganz kloer net. Hei gëtt zu 98% alles selwer gemaach, vum Brout, zu de Raviolien bis hin zu der Glace. De Choix am Restaurant huet een tëscht 4 verschiddenen Entréeën, Platen an Desserten, an déi changéieren och all Mount. A vun dëse véier Optiounen, wier de vegetaresch Optioun déi, déi all Kéiers mat vir bäi ass bei de Bestellungen, dat géif ee kloer mierken. Dëse Mount ginn et mat verschiddene Champignone gefëllte Cannelonien an Ierbessen an engem Bouillon, déi kéinte souguer d’Nummer 1 vum Juli ginn.
De Joran Didelot schafft beispillsweis mat Baueren vum “Bëschhaff” zu Lëntgen oder dem Krautgaart zu Stengefort zesummen, hëlt Iwwerschëss vu Geméis bei de Geméiskëschten a kritt Wuert déi net gesprëtzt gouf a saisonal zu Tënten ouni Tëscheweeër beim Gaascht um Teller lant.
Ma och wann ee probéiert, sou propper, heescht regional, saisonal a bio ze schaffen, wier dat net sou einfach praktesch ëmzesetzen gëtt de Joran kloer ze bedenken. Dëst net, well de Wëllen oder d’Méiglechkeet net do wier, ma well de Präis vun de Wueren deels esou héich wier, dass een dëst praktesch net méi kéint sou un de Client weider ginn. An natierlech ass esou e Konzept esou wäit ausserhalb vun der Stad Lëtzebuerg en Challenge, dat mierkt een un der Zuel u Clientë, déi natierlech dacks méi kleng ass, wéi een sech dat géif wënschen.
D’Clienten déi do waren, si wéi et schéngt begeeschtert an hunn op alle Fall kräfteg fir de Restaurant zu Tënten gestëmmt , sou dass eng exzellent 3. Plaz zu Recht un de “Beim Struwweltëntert” geet.
Ouverture vum Restaurant: Juli 2016
Adress: 11 Rue du St Esprit, 1475 Ville-Haute Luxembourg
Kontakt: 46 41 26
Beléiftste Plat: Déi ganz Kaart leeft gutt, sou de Restaurant
De Mesa Verde, deen et schonn zënter 1990 beim St. Esprit an der Stad gëtt, dierft warscheinlech deene meeschte Leit zu Lëtzebuerg e Begrëff ze sinn. De Restaurant gëllt reegelrecht als Pionéier vun der vegetarescher Gastronomie zu Lëtzebuerg a bitt niewent enger vegetarescher Kaart awer och vegan Platen a Fësch un. Niewent dem gudden Iessen, kann een owes och mol déi eng oder aner flott Soirée mat engem Cocktail an engem onvergläichleche Kader verbréngen.
Ouverture vum Restaurant: 2015
Adress: 26 Pl. Guillaume II, 1648 Ville-Haute Luxembourg
Kontakt: 26 20 13 75
Beléiftste Plat: Burger, Falafel a Mac&Cheese
Matten um Knuedler, mat Bléck op d’Gemengeplaz, steet de Beet, de wuel éischte reng vegane Restaurant zu Lëtzebuerg. Viru ronn 4 Joer ass de Restaurant 2 Haiser weider geplënnert, huet den Numm an d’Konzept awer ni changéiert. Wat de Beet ausmécht an en och bekannt gemaach huet, sinn déi vegan Burgeren, awer och d’Falafelen, de Mac&Cheese an de selwer-gemaachte Jus ginn heefeg bestallt.
Ouverture vum Restaurant: 2016
Adress: 2 Rue Xavier de Feller, 1514 Bouneweg-Süd Luxembourg
Kontakt: 26 29 63 39
Beléiftste Plat: Avocado-Toast, Bowls, Pancakes
Bal 9 Joer ass et hier, dass de gemittleche Restaurant seng Dieren zu Bouneweg opgemaach huet. D’Iddi vum Laure, der Patrone vum Glow , wier beim Reese komm, Amerika an Thailand wieren Inspiratioune gewiescht an den Dram gouf du realiséiert. Entstanen ass e Brunch/Lunch-Bistro wou een sech et bei Avocado-Toasten, Pancakes oder engem frësche Jus gutt goe loosse kann.
Ouverture vum Restaurant: 1998
Adress: 38 Pl. du Marché, 6460 Echternach
Kontakt: 26 72 08 80
Beléiftste Plat: Kaart changéiert all puer Wochen
Den Aal Eechternoach ass zu Iechternach selwer bekannt wéi e bonten Hond an och ausserhalb Iechternach dierfte vill Leit de Restaurant matten am Zentrum kennen. Hei kritt een souwuel vegan oder vegetaresch Platen, wéi och Fësch a Fleesch, ma dofir mat regionalen a lokale Produiten. En Highlight fir Veganer ass da ganz kloer de vegane Brunch, deen et ee Sonndeg am Mount am “Aal Eechternoach” gëtt.
Ouverture vum Restaurant: 2021
Adress: 63 Rue du Fort Neipperg, 2230 Gare Luxembourg
Kontakt: 24 87 37 20
Beléiftste Plat: Masala Dosa, Chaats (indesche Streetfood)
An der Fort Neipperg, bessi an engem Eck verstopp, läit den indesche Restaurant “Krishna Vilas”, dee kuerz no Covid seng Dieren opgemaach huet. Hei, matten am Garer Quartier, kritt ee vegetaresch a vegan indesch Kichen zerwéiert. Méi genee handelt et sech hei ëm süd-indesch Kichen, déi nach eemol méi spezifesch ass. An hei kritt een dann och authenteschen indesche Streetfood, deen eleng ass et schonn derwäert laanschtzekommen.
Ouverture vum Restaurant: Ufank 2025
Adress: 6 Rue de Trèves, 2632 Findel Sandweiler
Kontakt: 28 83 95 1
Beléiftste Plat: Stärerestaurant mat engem feste Menu
Et war bal kloer, dass de Fields vum Stärekach René Mathieu, deen jo eréischt dëst Joer opgaangen ass, eng Plaz an eiser Lëscht dierft kréien. Am Oktober gouf jo annoncéiert, datt “La Distellerie” vu Buerglënster op de Findel plënnere wäert, dat ënnert dem Numm “Fields”. Am selwechte Joer krut hien dann net nëmmen nees de sougenannte Green Star, ma och erëm e richtege Stär vu Michelin.
Ouverture: 2014 (zënter 2016 komplett vegan)
Adress: 1 Avenue de la Gare, 1611 Gare Luxembourg
Kontakt: 691 866 745
Beléiftste Plat:: Momoen
Mam Nirvana Café ass e weideren indesche Restaurant an eiser Lëscht, mam Ënnerscheed, dass een hei vegan indesch Spezialitéiten zerwéiert kritt, eppes dat dem Patron extrem wichteg ass. Him geet et drëms, eppes fir d’Ëmwelt a fir d’Rechter vun den Déieren ze maachen an do wier eng vegan Kichen genee de richtege Wee. Mat senger zentraler Lag an der Stad ass et perfekt fir en Tëschestopp wann ee mol do ënnerwee ass.
RTL-Readers’ Choice: Beschte Sushi
RTL-Readers’ Choice: Bescht Pizza
RTL-Readers’ Choice: Beschte Kebab
RTL-Readers’ Choice: Beschte portugiesesche Restaurant
RTL-Readers’ Choice: Bescht Kniddelen