D'Bitz a Kaffihaus zu Dikrech an der Groussgaass

© Editus.lu
Bitzmaschinne vun der Topmark Juki
Sou muncher ee sicht an dësen Zäiten en neit Hobby oder ass souwisou schonn e Frënd vum Bitzen, dann ass d’Bitz a Kaffihaus an der Groussgaass zu Dikrech genau déi richteg Adress.
Vu Moudestoff, Schnëttmustern iwwert d’Mercerie, Brodéierpäk oder natierlech och de Bitzmaschinne selwer, fannt Dir hei alles wat e leidenschaftleche Frënd vum Bitze glécklech mécht.
Den Accent setzt d’Bitz a Kaffihaus op esou vill wéi méiglech natierlech Materialien.
Als Beispill Fleece aus Kotteng am Plaz aus Polyester.
A reegelméisseg laanscht luusse lount sech och well all Woch ginn et hei nei Stëfter déi Oekotex a GOTS zertifiéiert sinn.
Punkto Bitzmaschinne fannt Dir hei déi Japanesch Topmark Juki, déi een natierlech am Buttek teste kann an op déi een da 5 Joer Garantie kritt mam bescht bekannte Service Après-vente.
D‘ Produite vum Bitz a Kaffihaus vun Dikrech kënnt dir online kafen op www.stoft.lu.