Op der Terrass vun engem Hotel hu si hire mobille Studio opgeriicht a begréissen eis all Moie vun der beléifter Baleareninsel. Den Duo stellt eis Lëtzebuerger vir, déi Interessantes iwwer d'Insel erziele kënnen, verroden, wou et e gudde Maufel z'iesse gëtt a wat een onbedéngt muss gesinn hunn op Mallorca.
Wéi hir éischt Sendung gelaf ass a wéi hinnen hire provisoresche Studio gefält, hunn den Dan Spogen an d'Michelle Reiter eis am Interview erzielt.