
D’Prinzessin Alexandra an hire Mann erwaarden hiert éischt Kand. D’Gebuert ass scho fir am Fréijoer d’nächst Joer. Wéini genee gouf nach net verroden.
D’Prinzessin Alexandra an den Nicolas Bagory hate sech dëse Summer a Südfrankräich d’Jo-Wuert ginn. Den ziville Mariage war am Abrëll dëst Joer op der Stater Gemeng.
RTL-News: Réckbléck op der Prinzessin Alexandra hir Hochzäit um Weekend
Magazin-Reportage: D’Prinzessin Alexandra an den Nicolas Bagory hu fir d’Zweet “Jo” gesot