
D’Kandidate musse géint d’Coachen untrieden. De Gewënner ass net just sécher an der nächster Ronn, mee gewënnt och nach en Joker, deen engem am nächsten Episod en däitlechen Avantage ka ginn. Si musse 6 Kolonne mat faarwege Bäll esou sortéieren, dass um Enn all Kolonn Bäll vun der nämmlechter Faarf huet. Eng Mathé-Aufgab, déi ee Computer a Sekonne léist. De Mënsch brauch dofir schonn eng Grëtz méi laang. Mee wéi séier sinn eis Kandidaten? A virun allem, sinn se méi séier, wéi d’Lucie an de Joseph?
D’Kandidate spillen Hond a Meeschter. Den Hond geet déi eng Streck, de Meeschter déi aner. An d’Léngt tëscht hinne soll dobäi esou kuerz wéi méiglech bleiwen. An déi Equipe déi um Enn déi kierzte Léngt huet, gewënnt dës Challenge, déi aner muss dann an den Duell! Den Challenge kënnt vun der Uni Lëtzebuerg an ass de Beweis, dass Mathé och e Spill ka sinn.
Take Off–Science Challenge Show kënnt ëmmer Freides em 19:00 Auer op der Tëlee, RTL Play an takeoffshow.lu. An nach emol Sonndes Moies em 11.