
Eng gutt Partie Lëtzebuerger hunn de Mask opginn. Och de QR-Code, dee weist, dass ee geimpft, geheelt oder getest ass, wäerten déi meescht zënter leschtem Freideg net méi hu misse weisen. Ma opgepasst: nëmme well zu Lëtzebuerg rëm eng Aart Normalitéit agetrueden ass, huet ee besser de Mask an den Impfpass net direkt an den Eck ze geheien. Wëll een nämlech an d’Ausland, egal op an eis Nopeschlänner oder an d’Sonn, muss een ëmmer nach bestëmmte Konditiounen erfëllen.
Souwuel an Däitschland wéi och an der Belsch an a Frankräich muss ee geimpft, geheelt oder getest sinn, fir anzereesen. Reest een an d’Belsch just mat engem zertifiéierten Test, muss een no 7 Deeg Openthalt en zousätzlechen Test maachen.
An eise Nopeschlänner gëlle gréisstendeels déi selwecht Restriktiounen.
Däitschland
Aktuell:
Vum 20. Mäerz un
Vu Bundesland zu Bundesland kënne weiderhin eege Mesurë bestëmmt ginn
Belsch
Frankräich
An enger Partie europäesche Länner gëtt et guer keng Arees-Bestëmmunge méi. Dozou gehéieren ënnert anerem d’Schwäiz, Dänemark, Island, Irland a Schweden.
Wëll ee seng Vakanz an der Sonn verbréngen, gëllt et opzepassen. A Spuenien, Portugal, Italien, Griicheland a Bulgarien muss ee geimpft, geheelt oder getest sinn, fir anzereesen. An dëse Länner, mat Ausnam vu Bulgarien, muss ee sech iwwert e Formulaire dann och umellen, éiert een areest.
Hei d’Restriktioune fir e puer Länner am Iwwerbléck.
Spunien
Italien
Portugal
Op der portugisescher Insel Madeira gëllen aner Reegelen:
Méi Detailer ënnert wéi enge Konditiounen een a wéi een europäescht Land areese kann, kënnt Dir och beim ACL noliesen.
D’USA ass zënter November rëm fir d’Europäer op. Fir anzereese muss een awer weiderhi geimpft sinn an e negativen Test virweise kënnen. D’Restriktioune changéiere vu Géigend zu Géigend. Zu New York zum Beispill gouf viru Kuerzem d’Maskeflicht bannen opgehuewe mat Ausnam vum ëffentlechen Transport, dem Gesondheetssecteur an ënnert anerem dem Broadway.
New York
Kalifornien
Eng Vakanz a Mexiko ass dann och eng Méiglechkeet. Hei brauch ee weder e Formulaire auszefëllen nach en Test ze maachen, fir anzereesen. Och Restriktioune ginn et hei quasi keng méi.
An der Dominikanescher Republik brauch et da rëm bësse méi Virbereedung, fir anzereesen. Souwuel fir d’Arees wéi och fir d’Ausrees muss een en elektroneschen Ticket ufroen, wou een dann e QR-Code kritt. Da muss ee geimpft sinn oder negativen Test virweise kënnen. D’Mesurë goufen alleguer opgehuewen.
Och Thailand ass bei de Lëtzebuerger beléift. Hei muss ee bei der Arees op e puer Saachen oppassen, et ginn nämlech verschidde Méiglechkeeten. Ass ee vollstänneg geimpft, kann ee bei der Arrivée e PCR-Test maachen. Et muss een da just eng Nuecht an engem SHA+ Hotel (Hoteller, déi speziell vun der Regierung bestëmmt goufen) iwwernuechten an op säin Test-Resultat waarden. Wëll ee sech net teste loossen, muss een net a Quarantän, mee awer 7 Deeg an engem SHA+ Hotel iwwernuechten. Ass een dann net geimpft oder nach net komplett geimpft, sinn 10 Deeg Quarantän an engem Quarantän-Hotel obligatoresch. Dës weidere muss een en “Thailand Pass” ufroen. Fir den Openthalt gëllt et da genuch Maske matzehuelen. An Thailand besteet weiderhin d’Maskeflicht.